arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drénkwaasser verbueden: An den Ardennen ass de Buedem staark mat PFAS belaascht

Ëmwelt a Gesondheet

|
reading time

2 min

Drénkwaasser verbueden: An den Ardennen ass de Buedem staark mat PFAS belaascht

A Frankräich hu sechs Gemengen aus der Grenzregioun eng Klo agereecht: Hire Buedem ass mat Éiwegkeetschemikalië kontaminéiert. Dat si Chemikalien, déi een zwar an Alldagsgéigestänn fënnt, déi awer och potentiell kriibserreegend sinn an och aner gesondheetlech Problemer kënne verursaachen. 

reading time

2 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

2023 haten d’Anne Abraham an hire Mann Sébastien ee Bauerenhaff mat Felder am franséischen Duerf Haraucourt bei Sedan kaaft. Et sollt e berufflechen Neiufank fir d’Koppel sinn, déi hei e klenge Betrib mat Uebst a Geméisbau wollt bedreiwen.

Leschten Hierscht koum awer de grousse Schock: De Buedem vun hirem Terrain ass immens staark mat PFAS-Chemikalië kontaminéiert. Scho leschte Summer war a 17 Gemengen aus der Regioun, dorënner och Haraucourt, d’Krunnewaasser verbuede ginn, well dëst verseucht war.

Den Aus vum Dram

Doropshin hate franséisch Medien eng Investigatioun lancéiert a Prouwe vum Bueden an der Regioun geholl. Ënner anerem och bei den Abrahams.

Och d’Prefektur koum fir Analyse laanscht. D’Resultater waren eendeiteg, wéi d’Anne Abraham sech erënnert: D’Hallschent vun de Prouwen hate PFAS-Chemikalien nogewisen. D’Koppel huet doropshin de Betrib agestallt.

Et wier fir si duerno net méi vertrietbar gewiescht gudde Gewëssens nach Liewensmëttel ze verkafen, och wann et bis op e puer Geméis- an Uebstzorten nach erlaabt wier.

Pabeierfabrick responsabel?

D’Ursaach fir d’PFAS-Kontaminatioun an der Regioun ass nach net ofschléissend gekläert. Dofir hunn d’Abrahams an och sechs Gemenge kierzlech Plaintë géint Onbekannt agereecht, fir d’Responsabilitéit ze klären. Déi läit awer wuel bei enger Pabeierfabrick, déi hire kontaminéierte Klärschlamm iwwer Joren als Dünger un d’Agrarbetriber aus der Regioun weiderginn huet, seet de Buergermeeschter vun der betraffener Gemeng Linay, de Francis Annould.

Zu Linay ass ert nach ëmmer verbueden d’Drénkwaasser ze drénken, dofir bezilt d’Gemeng all Awunner:innen all Dag eng Indemnisatioun fir Waasser anzekafen. Et hofft ee bis Enn dës Joers eng Léisung ze fannen.

Finanziellen a gesondheetleche Schued

Fir d’Abrahams huet d’Kontaminatioun vum Bueden scho gravéierend finanziell Konsequenzen: Net nëmme feelt Akommes, mee den Terrain an d’Haus sinn däitlech manner wäert.

Och d’Gesondheet vun der Koppel an hire véier Kanner ass scho betraff. Bluttanalysen hunn erginn, datt si deelweis 34 Mol souvill PFAS Chemikalien am Blutt hu wéi d’Norm. D’Anne Abraham hofft, datt d’Plainte och de grousse Public op d’Gefore vun de Chemikalien opmierksam mécht an d’Politik zum Handele bréngt.