search

/ D'Dréchent setzt der Landwirtschaft zou: Bis zu 50 Prozent manner Recolte méiglech

Christian Hahn

|
reading time

2 min

headphones

9 min

play_arrow

D'Dréchent setzt der Landwirtschaft zou: Bis zu 50 Prozent manner Recolte méiglech

Wéinst dem aussergewéinlech waarmen an dréchene Summerufank géif een elo schonn Ausfäll bei der Recolte mierken, seet de President vun der Landwirtschaftskammer. Bei de Wanterkulture géif scho vun 20 bis 30 Prozent rieds goen, esou de Christian Hahn am 100,7-Interview.

reading time

2 min

headphones

9 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Wann net geschwë méi Ree kéim, da kéinten et och gréisser Konsequenze bei de Summerkulture ginn: Bei verschiddene Kulture kéinten et da bis zu 50 Prozent Réckgang sinn.

Fir de Moment géif et awer keng Meldung fir gréissere Ree ginn, huet de Christian Hahn bedauert.

Waasserspäicher géifen zwee Problemer gläichzäiteg léisen

Grouss Bewässerungsanlage wieren an der Landwirtschaft hei am Land net am Asaz, ënner anerem well de Stockage vum Waasser problematesch wier, huet de President vun der Landwirtschaftskammer erkläert.

Verschidden esou Projete géifen zënter Joren an enger Geneemegungsprozedur hänken.

“Dat ass e bësse problematesch. Mir schwätzen déi eng Säit, et si lo fënnef Joer, datt am Ahrtal déi Katastroph war. Deemools hat et och eist Land plazeweis staark erwëscht duerch Iwwerschwemmungen. Esou (...) Späicher, déi kéinte wierklech an deene Situatioune vun Héichwaasser hëllefen, fir eeben ze pufferen, datt dee Moment dann net grad esou vill an eis Gewässer geet.”

Et hätt een de Stockage och fir déi eng oder aner Kultur - also d’Planzen am Summer kënnen ze bewässeren. Esou Waasserbasenge kéinte landeswäit entstoen, mengt de President vun der Landwirtschaftskammer.

Doduerch misst och manner Drénkwaasser fir d’Bewässerung agesat ginn.

Vegetatiounsbränn ginn zu engem weidere Risiko

Een anere Problem fir d’Landwirtschaft sinn de Moment d’Vegetatiounsbränn wéinst der grousser Dréchent. Esou e Brand gouf et jo de leschte Sonndeg zu Konsdref.

“Wat och elo speziell war, an dat huet een awer och elo gutt gesinn, zu Konsdref an deem Brand, datt et wierklech, wann et bis an de Bësch geet, datt mir do lues a lues awer wierklech staark Problemer kréie mat deem Doudholz, wat mir jo solle leie loossen am Bësch. Do huet ee ganz kloer gesinn, datt wierklech Pompjeeën hir Problemer oder de CGDIS hir Problemer hat, dat auszekréien, well dann dat Doudholz ufänkt mat sickeren a weider brennen.”

A Frankräich géif een de Moment doru schaffen, d’Bëscher erëm besser opzeforsten, fir dës Geforen ze reduzéieren, esou nach de President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn.

play_arrow Lauschteren