Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Relancementsplang am Bausecteur: Wéi ass d'Stëmmung bis elo?

Bau-a Wunnengssecteur

Relancementsplang am Bausecteur: Wéi ass d'Stëmmung bis elo?

Gutt dräi Wochen ass et hier dat d’Regierung hire Relancementsplang fir de Bau- a Wunnengssecteur presentéiert huet. De 25. Januar scho war et d’Annonce, datt de Bausecteur bis de Summer op de chômage partiel kann zréckgräifen. Zäit also fir en éischten Tëschebilan.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Et wier no sou kuerzer Zäit schwéier iergendwellech Effeten ze moossen. Op d'mannst wier d’Stëmmung ënnert dem Personal am Bausecteur besser, betount de Robert Fornieri vum LCGB. Eng 37 Demandë fir chômage partiel sinn dëse Mount agereecht ginn. Haaptsächlech betraff wieren aktuell déi Kleng a Mëttler Entreprisen:

"On ne voit pas des poids lourds ou de grandes entreprises qui, pour le moment, demandent du chômage partiel, c'est parce qu'ils arrivent avec leur volume et corps d'activité à continuer ou de s'organiser pour éviter cette situation-là."

D’Bild bei den Entreprisë wier divergent, sou de Jean-Luc de Mattheis. Et géifen der ginn déi virdru scho gutt do stoungen, anerer hätten och elo nach mat Schwieregkeeten ze kämpfen. Dat géif awer och dervunner ofhänken a wéi enge Beräicher déi eenzel Entreprisen aktiv wieren.

Nach kee kloren Trend vun enger Reprise

Et ginn Entreprisen déi sech momentan nach sou just iwwer Waasser halen an dofir op de chômage partiel zréck gräifen. Isolatioun a Wärmedämmung wiere momentan vill gefrot, sou de Romain Schmit vun der Fédération des Artisans. Déi déi decidéiert hu Platzen ofzebauen, géifen dee Wee elo och net wéinst de neie Mesure verloosse.

"Wat elo eng Reprise vun der potenzieller Aktivitéit ugeet doduerch, datt méi Akten ofgeschloss gi wieren, do gesäit et nach ëmmer relativ roueg aus. Et héiert ee vereenzelt Signaler aus dem Secteuer, wou gesot gëtt, datt effektiv awer déi eng oder déi aner Vente realiséiert ginn ass, respektiv, datt Aarbecht kënnt. Mee dat ass awer lo wierklech nach ze fréi wier e generellen Trend dorausser ofzeliesen."

Ëmfro vun der Fédération des Artisans

Och vu Säite vun de Banke wier et nach roueg, sou de Romain Schmit, en aktuellt Bild wat d’Ventë betrëfft kéinten do wuel just d’Notaire ginn.

D’Fédération des Artisans huet dann och eng Ëmfro bei hire Membere lancéiert fir gewuer ze ginn, wéi d’Situatioun aktuell ausgesäit. Déi Zuelen déi nach net public si sollen haut dem Konjunkturcomité virgeluecht ginn.

Lauschterenplay_arrow

 

 

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft