Medie mellen, datt d‘Affer vun der Explosioun zu Monaco een ukraineschen Oligarch, seng Fra a säi Jong wieren.
De Vertrieder vum Parquet huet dat net wëlle confirméieren. E sot awer, datt d‘Fra weiderhin a Liewensgefor wier, de Mann awer net méi. De Jonke wier méi liicht blesséiert ginn. Kee vun hinne wier bis elo verhéiert ginn.
Hannergrënn nach net gekläert
De Mann géif spéitstens zënter 2021 zu Monaco liewen. Hie wier der Police net bekannt, an e géif och net vun auslänneschen Autoritéite gesicht ginn, esou de Parquet zu Monaco.
D‘Hannergrënn vun der Explosioun um Méindeg den Owend virun engem Appartementshaus zu Monaco si weiderhin onkloer.
Ee Verdächtege soll virun der Explosioun ee Pak dohinner geluecht hunn. E soll zu Fouss geflücht sinn. E wier nach net festgeholl mee d‘Police wier him op der Spuer. Si géif probéiere säi Wee ze retracéieren an en ze identifizéieren, heescht et.