De virleefegen Bilan vun den Affer leit bei 69 Doudegen. Verschidde Medien haten och vu 74 Doudesaffer geschwat. E puer Honnert Secouristen sinn op der Onglécksplaz am Asaz, fir no de Vermëssten ze sichten. An den zwee verongléckten Zich souzen zesummen 547 Passagéier. Déi zwee Schnellzich waren den 28. Oktober an Zentralspuenien, südlech vu Madrid, aneneegeknuppt.
D'Rettungsaarbechter:innen op der Plaz géifen d'Iwwerreschter vun den Zuchwaggon just ganz virsiichteg beweegen, fir ze verhënnere, datt dës an e Koup falen, an nach weider Leit verletzt ginn. Respektiv fir Iwwerliewender déi eventuell nach an de verongléckte Waggone festhänken net ze blesséieren. Och wann dës Chancë ganz geréng sinn.
Forensiker iwwerpréiwen d'DNA
D'Famille vun den Affer si gebiede ginn, dës als Vermësst ze mellen. Esou kéinten déi responsabel Autoritéiten eng DNA-Prouf vun de Famillen afuerderen. Dës gëtt mat den mënschlechen Iwwerreschter sur palce verglach, fir d'Identitéit vun den Doudesaffer ze klären.
Éischten Erkenntnisser no hätt et Mëttwochs, dem Dag vum trageschen Accident, Ufanks eng technesch Pann ginn. Déi zwee Schnellzich wieren dorops hin, op dem Trace tëschent Madrid an Andalusie, zum Stoe komm. Hei hätten si op weider Instruktioune gewaart.
Bremswee vun dräi Kilometer
D'Stellwierk, fir d'Zich ëmzeleeden, hätt eng "onerklärlech" a "falsch Decisioun" getraff, an dem Renfe-Zuch gesot e kéint mat voller Vitesse weider fueren. Dat heescht mat bis zu 200 Kilometer an der Stonn. Den staatleche Renfe-Zuch ass dunn mat voller Vitesse an den Zuch vun der Privatfirma Iryo geknuppt, deen op dem selwechten Trace stoung, an nach op Instruktioune gewaart huet fir weider ze fueren.
Mëttlerweil ass och den Echange tëschent dem Stellwierk an de Chauffeure vun den Zich verëffentlech ginn. Hei ass ze héieren wéi de Lokführer vum Renfe-Zuch nofreet: "Mat normaler Vitesse?" - Äntwert "Jo".
No enger technescher Pann dierfen Zich an der Reegel just mat 40 Kilometer an der Stonn fueren. E Schnellzuch deen mat iwwer 200 Kilometer an der Stonn ënnerwee ass, huet nämlech e Bremswee vun bis zu dräi Kilometer.
De ganze Reportage vun eiser Korrespondentin aus Spuenien, Aurélie Chamerois, kënnt Dir hei lauschteren.