Déi dräi Agenten hätte vum medezinesche Service missen en charge geholl ginn. De President vun der Associatioun vun de Giischtercher, de Samir Djennas, huet dem Radio 100,7 op Nofro hi confirméiert, datt et sech ëm de Prisong zu Schraasseg handelt.
Associatioun vu Giischtercher rifft Autoritéiten op ze handelen
An hirem Communiqué betount d‘Associatioun, dës Attacke géifen op en Neits weisen, datt d‘Giischtercher alldeeglech mat Gewalt géint si konfrontéiert wieren.
D‘Associatioun vun de Giischtercher rifft déi kompetent Autoritéiten op, all déi néideg mënschlech, materiell a juristesch Mëttel zur Verfügung ze stellen, fir dem d‘Personal an de Prisonge sécher Aarbechtskonditiounen ze garantéieren.