Radioen

On air

Notturno  |  Brigid Mae Power - Counting Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dortmund a Paris Saint-Germain stinn an der Halleffinall vun der Champions League

Fussball

Dortmund a Paris Saint-Germain stinn an der Halleffinall vun der Champions League

An der Fussball Champions League hunn Dortmund a Paris Saint-Germain d‘Halleffinallen erreecht. Béid Ekipp konnte gëschter Owend an de Véierelsfinall-Retourmatcher hir Néierlagen aus den Himatcher gutt maachen.

auto_stories

1 min

Championsleague | © picture alliance / pressefoto Mika Volkmann | Mika Volkmann
Foto: picture alliance / pressefoto Mika Volkmann | Mika Volkmann

De PSG huet 4-1 géint den FC Barcelona gewonnen, an Dortumund huet sech 4-2 géint Atletico Madrid behaapt.

Déi éischt Halleffinall - PSG géint Dortmund – steet domat fest. Déi zweet decidéiert sech den Owend an den zwee weidere Retourmatcher vun de Véierelsfinallen - Bayern München géint Arsenal, an den Titelverdeedeger Manchester City géint Real Madrid. Do huet keng Ekipp e wierklechen Avantage, déi zwee Aller-Matcher ware gläich ausgaangen.