search

/ Donald Trump onzefridden: Justizministesch Pam Bondi an den USA entlooss

USA

|
reading time

1 min

Donald Trump onzefridden: Justizministesch Pam Bondi an den USA entlooss

Den Donald Trump huet seng Justizministesch Pam Bondi entlooss. Amerikanesche Medie no wier de President onzefridde gewiescht. Dat ënner anerem well d'‘Justizministesch net decisiv genuch géint politesch Géigner vum President virgaange wier.

reading time

1 min

Pam Bondi  | © EPA/GRAEME SLOAN / POOL
Pam Bondi (Foto: EPA/GRAEME SLOAN / POOL)

De Justizministère soll bis op Weideres vum Vize-Justizminister Todd Blanche geleet ginn. D‘Pam Bondi ass déi zweet Ministesch, déi den Trump bannent kuerzer Zäit entlooss huet. Am Mäerz war d‘Ministesch fir de Schutz vun der Heemecht, d'Kirsti Noem, entlooss ginn.

Chef vun der amerikanescher Buedemarméi och net méi am Amt

Nieft der Justizministesch Pam Bondi ass och de Generol Randy George net méi am Amt. Hien ass fréizäiteg an d‘Pensioun geschéckt ginn. De Verteidegungsminister Pete Hegseth hätt dës Decisioun geholl, fir de Poste mat enger Persoun ze besetzen, déi seng eege Visioun an déi vum President Donald Trump besser kéint ëmsetzen. Dës Decisioun kënnt wärend d'USA am Krich mam Iran sinn.