Radioen

On air

Notturno  |  Horse Lords - Zero Degree Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dokter-Rechnungen: Ännerunge, fir just nach eegen Deel ze bezuelen, um Wee

CNS

Dokter-Rechnungen: Ännerunge, fir just nach eegen Deel ze bezuelen, um Wee

An den nächste Woche gëtt et technesch méiglech fir beim Dokter just nach säin eegenen Undeel ze bezuelen, an den Deel vun der CNS direkt rembourséiert ze kréien.

auto_stories

1 min

Vu Säite vum Staat ass alles prett fir datt de Patient seng Rechnung digital beim Dokter ka bezuelen. Mee bis de Patient eppes dovu matkritt, kann et nach daueren: An engem nächste Schrëtt mussen déi verschidden Editeuren d’Dokteschprogrammer upassen an d’Doktere mussen sech bereet erkläre mat ze maachen. Wéi vill Doktere dat um Enn wäerte matmaachen ass onkloer.  Et wäert also nach daueren, bis déi meescht Patiente bei hirem Dokter just nach hiren Deel vun der Rechnung bezuelen.