Deemno goufen haut zum Beispill net dringend Operatioune verluecht.
D‘Gewerkschaft Marburger Bund huet iwwer 20.000 Dokteren an de bundeswäit 23 Universitéitsspideeler zu engem Warnstreik opgeruff.
D‘Gewerkschaft fuerdert 12,5 Prozent méi Paien a Verbesserunge vun den Aarbechtsbedingungen. An dräi Verhandlungsronne mat der „Tarifgemeinschaft deutscher Länder“ konnt sech bis elo nach op näischt gëeenegt ginn.