Radioen

On air

9 bis 1  |  World Brain - Open

play_arrow Live
search

/ Nach net kloer, ob d'Djuna Bernard eventuell fir de François Bausch an d'Chamber noréckelt

Chamberwalen 2023

Nach net kloer, ob d'Djuna Bernard eventuell fir de François Bausch an d'Chamber noréckelt

Bei deene Grénge gouf schonn an der Mëttesstonn an der Partei iwwert dat schlecht Walresultat geschwat. Hie géif net dovun ausgoen, datt et bei deene Grénge personell Konsequenze wéinst dësem Resultat wäert ginn, esou op eis Nofro hin de Co-Partei-President Meris Šehović. Déi Gréng hunn an zwee Bezierker keng Deputéierte méi a si hunn d’Fraktiounsstäerkt an der Chamber verluer.

auto_stories

2 min

Net zeréck gewielt gouf d’Co-Parteipresidentin a Vize-Presidentin vun der Chamber Djuna Bernard. Wat hir perséinlech Zukunft ugeet, wéilt si an den nächsten Deeg kucken, ob si op hire Posten zeréck schaffe geet, respektiv wou hire beruffleche Wee si hi bréngt.

Huet d’Djuna Bernard kee Signal vum François Bausch kritt, datt hien hir Plaz an der Chamber kéint maachen?

Lauschterenplay_arrow

"Dat kucke mer le moment venu, dat ass net u mir fir dat ze kommentéieren. Ech mengen, datt mer do an engem ganz gudden Dialog, an engem gudde Vertrauensverhältnis an der grénger Partei matenee schaffen, an datt mer – mengen ech – eng gréng Partei hunn, wou Jonker ëmmer rëm vill Méiglechkeete gi kritt hunn. An ech mengen, datt déi Philosophie an déi Mentalitéit och an eiser Partei weider wäert bestoe bleiwen."

Déi gréng Politikerin Djuna Bernard ass déi éischt Ersatz op der Zentrumslëscht vun deene Gréngen. Wann de 66 Joer ale François Bausch, deen als Zweeten op där Lëscht an d’Chamber gewielt gouf, sech géif zréck zéien, da kéint déi 31 Joer al Djuna Bernard um Krautmaart noréckelen.