Radioen

On air

Concert  |  Een Owend an der Elbphilharmonie mat franséischem Impressionismus

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Diskriminatioun a Rassismus géint muslimesch Bevëlkerung an der EU klëmmt

Europa

Diskriminatioun a Rassismus géint muslimesch Bevëlkerung an der EU klëmmt

Et gëtt ëmmer méi schwéier als muslimesch Persoun an der EU ze liewen. Dat huet eng Ëmfro vun der EU Agency fir Grondrechter, an 13 EU Staaten, erginn. Virun allem zënter der Attack op Israel hätt et eng reegelrecht Well un Haass ginn.

auto_stories

1 min

Foto: FRA

Ee vun zwee Befroten huet an der Ëmfro uginn, Rassismus am Alldag z‘erliewen. Diskriminatioun géif ee virun allem um Aarbechtsmaart a bei der sich no enger Wunneng ze spiere kréien.

Zu Lëtzebuerg sot ongeféier ee Véirel vun de befrote Moslemen, datt si schonn diskriminéiert gi wieren, wéi si eng Wunneng wollte kafen oder lounen. Bal een Drëttel soen, si wieren a Klinicken oder bei Dokteren diskriminéiert ginn, iwwert een Drëttel, 35 Prozent soen, si wiere scho vernannt ginn. 5 Prozent wiere scho physesch agresséiert ginn. Dräivéierel vun de befroten zu Lëtzebuerg soen awer och, datt si sech hei gutt integréiert géife fillen. 80 Prozent fille sech sécher hei am Land. A 65 Prozent soten, datt si zu Lëtzebuerg manner diskriminéiert géife ginn, wéi an den Nopeschlänner. 

Am schlëmmste wier déi Situatioun an Éisträich an an Däitschland. De selwechten Institut deen des Ëmfro realiséiert hat huet eng änlech Tendenz beim Antisemitismus festgestallt.