Grouss, rout tentakelänlech Gräifäerm, déi kleng Plastikskëschten hierstellen, fënnt een an de Produktiounshale vun der Entreprise Tonterelli zu Käerjeng. Nieft de meterhéije Maschinnen: Een Aarbechter. Hie préift, wat d’Maschinn hiergestallt huet.
De Mënsch bleift am Mëttelpunkt
Wéinst dem ville Kaméidi an der Sécherheet erkläert den Direkter Atilio Germanio a sengem Büro, datt d’Firma Tonterelli zanter hirer Néierloossung zu Lëtzebuerg sech konstant weider digitaliséiert.
"Dans tous les domaines. Parce qu’on imagine que la digitalisation, c’est quelque chose qui concerne par exemple plutôt les bureaux. Nous sommes au Luxembourg une entreprise, avant tout de fabrication et distribution, et la digitalisation impacte tous les domaines à partir de la production. Et encore plus, si possible, dans la logistique et la distribution. C'est-à-dire tous les processus qui vont de la commande jusqu’à la livraison."
Si géife probéieren, op zirkulär Ekonomie ze setzen, erkläert den Direkter weider. D’Maschinne géif een also esou laang halen, wéi se funktionéieren, mee just d’Technik gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Dorop wier hie besonnesch houfreg. Mee trotz de Maschinnen ass de Mënsch net ze ersetzen.
"Même avec toute la digitalisation du monde on croit que l’homme reste au centre de l’entreprise et du travail. Par exemple on a tous les messageries, les échanges emails et des choses comme ça, mais on continue à privilégier la communication directe."
Méi Sécherheet a manner Accidenter
Do wëll d’Entreprise also net op Robotik setzen. Wou d’Maschinnen awer net méi wech ze denke sinn, dat ass bei der schwéier kierperlecher Aarbecht. Doduerch kënnt et manner oft zu geféierleche Situatioune fir d’Aarbechter, erkläert den Alain Rolling vum OGBL.
"Dat ass natierlech dann och besser fir d’Gesondheet vun de Salariéeën. Well mir hunn oft an der Industrie nach de Fall, datt Leit, déi haart kierperlech schaffen, nach ëmmer Problemer hunn, sief et mat den Äerm, sief et mat de Schëlleren, oder mam Réck Problemer. Also do si wierklech d’Secelle vun der haarder kierperlecher Aarbecht, déi sinn enorm, nach haut an der Industrie."
Duerch d’Roboter kéint deemno d’Verletzungsgefor reduzéiert ginn. Dofir muss een awer wëssen, wéi ee mat deene Roboter ëmgeet. Deemno misst d’Ausbildung onbedéngt un d’Digitaliséierung ugepasst ginn, betount de Marco Wagener vum LCGB.
"Dat ass natierlech méi schwiereg fir een ze maachen, dee schonn iwwer 50 ass, wéi fir een, dee lo vu Jonkem ufänkt an dat an der Schoul och ka léieren. Mee et ass trotzdeem awer wichteg, datt et och ze maachen ass fir déi méi eeler Aarbechtsnehmer."
D’Entreprise missten do hir Responsabilitéit huelen. D’Formatioune vun den Aarbechter dierft net um Eenzelen hänken, ënnersträiche béid Gewerkschaftler.
D'Digitaliséierung muss kloer reglementéiert ginn
Egal wéi vill Virdeeler d’Digitaliséierung an der Industrie huet, se kann eng Gefor fir d’Aarbechtsplazen am concernéierte Secteur bedeiten, ënnersträicht den Alain Rolling.
"Wéi ëmmer d’Patronat seet: Ee Roboter, deen hellt kee Congé, dee gëtt och net krank. Mee wat ech ëmmer soen: E kann awer och ausfalen. Et ass net, datt do lo e Roboter ëmmer 365 Deeg, 24 Stonne ka schaffen. Do muss och een Entretien gemaach ginn. Do muss och dru geschafft ginn."
Dofir muss d’Digitaliséierung kloer reglementéiert ginn. De Mënsch sollt och kënne verstoen, wat genau d’Maschinn grad mécht. Dofir bréichte souwuel méi erfueren Aarbechter wéi och Jonker digital Kompetenzen, esou nach de Marco Wagener. De Maschinne blann ze vertrauen, dat misst een evitéieren, ënnersträicht och den Direkter vun Tonterelli Lux.
"Cette perception du danger doit un petit peu rester. Pour éviter des accidents de travail, on croit parce qu’on contrôle une machine, que la machine nous voit. Mais ce n’est pas vrai."
Wech ze denken ass d’Digitaliséierung zwar net méi, do si sech béid Gewerkschaftler an den Direkter vun Tonterelli eens. Mee Limitten huet se trotzdeem. A kloer schéngt och: De Mënsch ass net ze ersetzen.