Mat der Äntwert vum Léon Gloden op en éischte Bréif sote sech d’LSAP, déi gréng an déi Lénk haut nämlech onzefridden, wéi de Buergermeeschter Dan Biancalana erkläert.
“Mir hunn eng ganz Rei Saachen am Courrier geschriwwen a kréien awer och keng kloer Auskonft, wat d’Zuel ugeet vun de Polizisten, déi hei ofgezunn, och deementspriechend, goufen. Mir si keng Zweet-Klass-Gemeng, mir sinn hei zu Diddeleng net an der Relegatioun."
De Minister hätt an där Äntwert vu presuméiertem Ofzéie geschwat, wougéint dat e Fakt wier, an en hätt am Conditionnel geschriwwen, woubäi d’Suerge vun der Gemeng ganz konkret wieren an deenen net Rechnung gedroe gi wier, sou de Buergermeeschter. Den Dan Biancalana huet sech duerch déi Äntwert net richteg wouergeholl gespiert, an dat géif hie stéieren. Um Enn gouf d’Motioun trotz de Géigestëmme vun CSV, DP an ADR ugeholl.
Ënnerschloe vu Sue beim CDHMH
Wat d’Ënnerschloe vu Sue beim Centre de documentation sur les migrations humaines ugeet, huet de Buergermeeschter Dan Biancalana erkläert, datt d’Justiz elo hir Aarbecht misst maachen an een d’Personal net géif am Ree stoe loossen. De President vum CDMH soll iwwer Jore Sue fir privat Zwecker genotzt hunn.
Eestëmmeg ugeholl goufen am fréie Moien och eng Konventioun mat den Ateliers Kräizbierg, fir Leit mat physeschem Handicap ënner anerem Entretiensaarbechten u Gréngfläche maachen ze loossen.
Unanimitéit gouf et och zum Devis fir de Bau vun engem Blockhaus, am Holz, fir pedagogesch Aktivitéiten um Site vun der Waldschoul.