Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Desinformatioun a Fake News ëmmer méi e Problem

Safer Internet Day

Desinformatioun a Fake News ëmmer méi e Problem

Fir d’Initiative „Bee Secure“ an den Zentrum fir politesch Bildung gëtt de Kampf géint d’Desinformatioun ëmmer méi wichteg. An allen Altersgruppe vu Kanner a Jugendlechen, grad ewéi bei den Elteren an Enseignantë wieren Desinformatioun a Fake News eng vun den Haaptängscht am digitale Kontext, heescht et am neie "Bee Secure Radar", engem Rapport deen all Joers am Kader vum Safer Internet Day presentéiert gëtt.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Bee Secure | © Michelle Barthel play_arrow
Bee Secure (Foto: Michelle Barthel)

Et misst dofir verstäerkt op d‘Sensibilisatioun, Educatioun a Präventioun gesat gi souwuel bei deene jonken awer och bei den Erwuessenen, esou haut um „Safer Internet Day“ de Romain Schroeder vum Zentrum fir politesch Bildung. 

“A virun allem, a besonnesch wa mer dat grousst Selbstvertraue vun Erwuessene kucken an hir Kompetenz fir d'Glafwierdegkeet vu Medien anzeschätzen, d'Sensibiliséierung derzou, datt jiddweree vun eis, jiddweree vun eis hei am Raum a jiddweree vun eis iwwerhaapt, potenziell op Desinformatioun kann erafalen. Et ass kee geweit do virdrun an duerfir och bewosst sinn, dass fir eis als Mediebildner Erwuessener eng wichteg Zilgrupp si vu Mediebilder. Et gëtt vill vu Jonke geschwat, selbstverständlech, mee et soll een Erwuessener do net ausser A loossen, besonnesch wann ee weess, dass déi meescht Falschnoriichte vun der Ü45-Fraktioun gedeelt ginn.”

De komplette Rapport mat den aktuellen Zuele fannt Dir hei

Lauschterenplay_arrow