search

/ Ongewéinlech vill: Dëse Wanter goufen et op d'mannst 125 Lawinenaffer an den Alpen

Alpen

|
headphones

1 min

Ongewéinlech vill: Dëse Wanter goufen et op d'mannst 125 Lawinenaffer an den Alpen

Dëse Wanter sinn an den Alpen an an aneren europäesche Bierger op d‘mannst 125 Mënschen duerch Lawinen ëm d‘Liewe komm. Dat ass ongewéinlech vill, wéi den Europäesche Lawine-Warnservice EAWS matdeelt.

headphones

1 min

An der Schwäiz ass een Zuch wéinst enger Lawin entgleist | ©  EPA/JULIEN GRINDAT
An der Schwäiz ass een Zuch wéinst enger Lawin entgleist (Foto: EPA/JULIEN GRINDAT)

Déi meescht Lawinenaffer gouf et an Italien, mat 32 Doudeger, duerno Frankräich mat 31 Doudeger an Éisträich mat 29 Doudesaffer. 

Experte ginn dovun aus, datt dat mam Klimawandel ze dinn huet. Duerch déi méi héich Temperaturen ass de Schnéi net méi esou fest an de méi staarke Wand kéipt de Schnéi geféierlech op. 

Et hätt awer och mat engem Trend ze dinn: Nämlech gi Skitouren an Offaarte baussent de Pisten ëmmer méi beléift.