arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Schwäizer Bank UBS no gouf et 2025 eng Rekordunzuel un neie Millionären

UBS

|
reading time

1 min

Der Schwäizer Bank UBS no gouf et 2025 eng Rekordunzuel un neie Millionären

Bannent engem Joer si ronn eng Million Mënschen zu Millionäre ginn, also ongeféier 2.600 Mënsche pro Dag. Ongeféier d'Hallschent vun den neie Millionäre lieft enger Etüd vun der Schwäizer Bank UBS no an den USA.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Marcin Golba
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Marcin Golba)

Och a China, Japan, Däitschland, Groussbritannien a Frankräich ass d'Unzuel un neie Millionären am Joer 2025 geklommen.

Fir de Räichtum auszerechnen, geet d'Bank vum Avoir vun de Persounen aus, deemno gëtt och de Besëtz gekuckt, a rechent d'Scholde fort. Déi Zomm gëtt an Dollar ëmgerechent, fir d'Länner ënnereneen ze vergläichen. D'Bank preziséiert, datt d'Immobilie beim Räichtum am meeschte Gewiicht hunn.

Haaptsächlech Leit mat méi wéi 5 Milliounen Dollar hunn zejoert nach méi Räichtum ugeheeft.