arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Denis Scuto: Geschicht a Fussball

Sot emol

|
reading time

3 min

headphones

58 min

play_arrow

Denis Scuto: Geschicht a Fussball

Den Denis Scuto ass Historiker an e war och Vize-Rekter vum Center for Contemporary an Digital History op der Uni Lëtzebuerg. Eng Positioun, déi hien awer aktuell net méi huet, well den Denis Scuto zënter kuerzem Titulaire vun der fuschneier “Chaire Histoire et Migrations” op der Uni Lëtzebuerg ass.

reading time

3 min

headphones

58 min

play_arrow
Denis Scuto | © Chris Zeien
Denis Scuto (Foto: Chris Zeien)

No der Première am Lycée Hubert Clement zu Esch huet de Denis Scuto um Centre universitaire an op der Université Libre zu Bréissel Zäitgeschicht studéiert an eng "Licence" an der Geschicht mat enger Aarbecht iwwer de Lëtzebuerger Aarbechtermouvement nom éischte Weltkrich an de Streik vun 1921 gemaach

Geschicht a Fuerschung

Éier den Denis Scuto awer de Concours an och de Stage fir Proff ze ginn ugefaangen huet, war hien zesumme mam Historiker Gilbert Trausch an der Historiker Marie Paule Jungbluth Coordinateur vun der grousser Expo “Lëtzebuerg: 150 Joer onofhängeg-De l’Etat à la Nation” am Joer 1989. Dono dann de Stage an hien ass Geschichtsproff ginn, huet zu Esch Schoul gehalen, an dat och um ISERP a spéider op der UNI Lëtzebuerg.

Dernieft huet hien awer weider gefuerscht, besonnesch d’Sozialgeschicht, de Minett an d’Industriegeschicht hunn him et ugedoen, an dorop koum och nach 2009 eng Dokterthees op der ULB derbäi.

Akademiker a Fussballspiller

Déi akademesch Säit vum Denis Scuto ass nawell bekannt, duerch ganz vill Interviewen, Bicher an Artikelen, déi hien als Historiker verfaasst huet. Vill anerer denke wa si den Numm Denis Scuto héieren éischter un de Fussball. An zwar nach méi konkret un d’Jeunesse Esch, dee Veräin, wou hie säi ganzt aktive Fussballerliewe gespillt huet.

Mat um Enn 9 Championstitelen a 4 Mol Coupe de Lëtzebuerg konnt hien natierlech och vill international Matcher spillen. Och a verschidde Lëtzebuerger Nationalekippen, wéi der U-21 oder bei der A-Nationalekipp, huet hie säi fussballereschen Don gewisen.

De Bop war déi dreiwend Kraaft

Dem Denis Scuto säi Bop Jemp Hoscheid war säin éischten Trainer, an de Bop  war och selwer Fussballspiller an den 1930er Joren an der Escher Jeunesse, grad ewéi an der Lëtzebuerger Nationalekipp war hien déi Zäit de Golkipp.

“An ech huelen un, dass hien den Haaptschëllegen ass, dass ech Fussball vu Klengem u gespillt hunn. Ech ka mech net méi un alles erënneren, mee ech hunn eng Foto vu mir vun 1969 mat 5 Joer am ganze Jeunesse-Dress um Fola-Terrain, bei der Konkurrenz. Ech hunn dat e bësse vun him geierft an hien huet och a menger Erzéiung eng ganz grouss Roll gespillt.”

Bis 14 Joer ass de Denis Scuto sportlech esou guer op zwou Spuere gefuer, well hien déi Zäit och nach Judo zu Esch beim Cercle gemaach huet. Bis et dono du mat den Trainingszäite vu Judo a Fussball net méi méiglech war.

“Fussball ass meng Passioun an dat konnt een an de Lallenger Wise genau esou gutt maachen, wéi an all deenen aneren improviséierten Terrainen, déi et deemools zu Esch gi sinn.”

Jeunesse-Spiller a Jeunesse-Fan

Den Denis Scuto huet säi ganzt Liewen op der Jeunesse Esch gespillt, an hien ass dem Veräin trei bliwwen, och wann hien Offere vun anere Veräiner hat.

“Jo, ech hat aner Offeren, mee wéi ech engem, dee versicht huet, mech ze iwwerzeegen an een anere Club ze goen, sot: Ech sinn net nëmme Jeunesse-Spiller, ech sinn och e Jeunesse-Fan. An et ass fir mech net a Fro komm. Natierlech hat ech och Chance, datt mir awer eng Ekipp waren, déi ëmmer kompetitiv war an déi ëmmer fir den Titel op d'mannst mat gespillt huet. Dat koum fir mech ni a Fro anzwousch anescht spillen ze goen."

Mat 37 Joer an no 424 Matcher am Jeunesse Trikot, huet den Denis Scuto seng Schung un de berüümten Nol gehaangen, an domadder war hie laang Rekordspiller an der Fussballnationaldivisioun. Net ze vergiessen, datt hien 1988 Fussballspiller vum Joer war.

An och radio 100,7 ass den Denis Scuto och scho ganz laang derbäi mat ënner anerem Emissioun wéi den Zäithistoriker oder de Fräie Mikro.

 

play_arrow Lauschteren