D'CNS géif reegelméisseg kontrolléieren, ob déi gesetzlech Reegelen agehale ginn. Dobäi géifen ongeféier 10 Prozent bis 14 Prozent vun de kontrolléierte Salariéen als fäeg ageschat ginn, fir nees ze schaffen.
E spezielle Grupp vu Fachleit soll Etüde lancéieren, fir d‘Ursaache vun der Hausse a Saachen Absenteismus ze definéieren, fir dann all Form vum Mëssbrauch ze bekämpfen, heescht et nach an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.