“Lëtzebuerg ass kee Spuerveräin”: Esou war een Artikel vum LSAP-Politiker Franz Fayot am Tageblatt vun e Samschdeg iwwerschriwwen. Dora kritiséiert den Nach-Wirtschaftsminister déi nächst Regierung schonn, ier se iwwerhaapt eemol steet, a virun allem hiren designéierte Chef, de Luc Frieden.
“CSV an DP si fest decidéiert, den Triple A vu Lëtzebuerg ze erhalen.” Dee Saz vum Formateur Luc Frieden huet fir den LSAP-Politiker Franz Fayot nämlech just ee Sënn: d’Land op Austeritéit virzebereeden. Den Nach-Wirtschaftsminister stéiert sech drun, datt gemaach gëtt wéi wann deen Triple A nëmmen eppes mam Niveau vun der Staatsschold ze dinn hätt. Den EU-Kommissär Paolo Gentiloni hätt nämlech am Fréijoer virgeschloen, sech an Zukunft net méi just un de Critèrë vum Stabilitéitspakt ze orientéieren, sou de Franz Fayot hei op der Antenn:
"D’Welt haut ass net méi déi vu viru fënnef Joer. D’EU an hir Memberlänner mussen sech d’Moyene ginn, fir sech op d’Challenge vu muer virzebereeden. An dofir hunn déi Länner, déi gesond Staatsfinanzen hunn – an dozou gehéiert Lëtzebuerg – eng marge de manoeuvre an där Reform, déi de Kommissär Gentiloni proposéiert huet fir sech eng ambitiéis Trajectoire ze gi ronderëm Critèren, déi finanziell sinn, awer och sozial an ekologesch. An dofir ass et wichteg, datt déi nächst Regierung dat och mécht."
De Franz Fayot deelt also d'Aschätzung, datt Lëtzebuerg säin Triple A net automatesch géing verléieren, wann d’Staatsschold iwwer 30 Prozent vum PIB klëmmt. Entscheedend wier villméi eng laangfristeg Strategie mat enger klorer Äntwert op d’Fro ...
" ... wéi vill mir eis wëlle verschëlde fir déi grouss Defie vun der Zukunft - Decarbonisatioun, eng gutt Bildung, Fuerschung, Innovatioun, awer och Infrastrukture fir muer - ze finanzéieren."
De Franz Fayot huet am Interview och nach gesot, datt hien net ustrieft, President vun der LSAP-Chamberfraktioun ze ginn.