35 Prozent vun der Fläch vu Lëtzebuerg besteet aus Bëscher. Duerch de Klimawandel hätten d’Bëscher déi lescht Joren awer staark gelidden, erkläert d’Martine Neuberg vun der Naturverwaltung. Fir de Serge Wilmes spillt nieft dem néie Bëschgesetz an dem Klima-Bonus-Bësch, d’Reguléierung vum Wëld Bestand eng wichteg Roll fir de Schutz vun de Bëscher.
“Anerersäits ass eng grouss Erausfuerderung d'Juegd, well mir hunn ze vill Wëlddichten an eise Bëscher, an dat féiert dozou, datt d'Wëld ganz vill déi jonk Beem, déi nowuessen, eben ësst."