Radioen

On air

Notturno  |  Duffy & Uhlmann - Braid

play_arrow Live
search

/ Den däitsche Bundeskanzler plädéiert fir eng Ausnam am Stabilitéitspakt fir méi Defense-Ausgaben

Op der Münchener Sécherheetskonferenz

Den däitsche Bundeskanzler plädéiert fir eng Ausnam am Stabilitéitspakt fir méi Defense-Ausgaben

E Krich matzen an Europa wier näischt anescht wéi eng Noutsituatioun. Den Olaf Scholz huet dofir eng Ausnam am Stabilitéitspakt virgeschloen, déi d‘Grenz fir Defense-Ausgaben erhéicht. Däitschland wier dofir bereet - de Fridden an d‘Secherheet géifen hei um Spill stoen.

auto_stories

1 min

Olaf Scholz op der Münchener Sécherheetskonferenz | © picture alliance/dpa | Matthias Balk
Olaf Scholz op der Münchener Sécherheetskonferenz (Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk)

De Freideg hat d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen jo och schonn annoncéiert, d‘Länner doran ënnerstëtzen ze wëllen, d‘Verdeedegungsausgaben eropzesetzen.

Ee méi groussen Investissement an d‘Defense eleng géif awer net duergoen, sou den ukrainesche President direkt nom Olaf Scholz senger Ried. De Wolodymyr Selenskyj huet an deem Kontext fir eng gemeinsam europäesch Arméi plädéiert. Europa misst "fir dat eegent Wuel handelen". Europa misst sech drun upassen, datt d‘Relatioune mat den USA elo anescht wieren, esou nach d‘Warnung vum ukrainesche President.

Den Olaf Scholz huet weider een Amësche vu Washington an den däitsche Walkampf zugonschte vun der AfD schaarf verurteelt. De Freideg huet den US-Vizepresident JD Vance op der Sécherheetskonferenz behaapt, datt fir "Brandmaueren" keng Platz wier, an hien huet kritiséiert, datt keng populistesch Parteien op der Sécherheetskonferenz zougelooss gi wieren.