Radioen

On air

Concert  |  Verkannte Bijouen

play_arrow Live
search

/ Den amerikanesche Filmregisseur David Lynch ass dout

Kultur

Den amerikanesche Filmregisseur David Lynch ass dout

Bekannt ass den David Lynch ënner anerem wéinst der Tëleeserie Twin Peaks a Filmer wéi Blue Velvet oder Mullholland Drive.

auto_stories

1 min

David Lynch | © picture alliance / SvenSimon | Waelischmiller/SVEN SIMON
David Lynch (Foto: picture alliance / SvenSimon | Waelischmiller/SVEN SIMON)

Hien hat zejoert am Summer bekannt ginn, datt hien eng onheelbar Longekrankheet hat wéinst dem Fëmmen.

Den David Lynch krut 1990 d‘Palme d‘Or zu Cannes mam Film Wild at Heart. 2020 krut hien en Éieren-Oscar fir säi Wierk. Säi leschte grousse Projet war Twin Peaks: The Return, deen 2017 erauskoum.

Den David Lynch war och Fotograf, Moler a Museker.