Radioen

On air

Al Schanken  |  Nick Cave - Deanna

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Finanzminister: Zentralstaat dëst Joer mat engem Defizit vun 1,9 Milliarden Euro

Depot vum Staatsbudget

Finanzminister: Zentralstaat dëst Joer mat engem Defizit vun 1,9 Milliarden Euro

D’Depensë vum Staat klammen dëst Joer nach méi séier, wéi d’Recetten. 2025 soll dësen Trend ëmgedréint ginn, esou de Gilles Roth. Fir de Gesamtstaat rechent d’Regierung fir déi nächst Jore mat engem Defizit vu liicht ënner enger Milliard Euro. D’Staatsschold soll dëst Joer bei 26,5 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung leien.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D’Regierung ass zouversiichtlech, datt d’Schold bis 2028 ënner 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung bleift, esou de Gilles Roth a senger Budgetsried.

„Mir wëllen d’Dynamik vun der Progressioun bei den Ausgabe briechen. An dat Ganzt ouni stoen ze bleiwen.“

De Personalbudget beim Staat wäert bei iwwer siwe Milliarden Euro leien. D’Fonctionnementskäschte vum Staat sollen awer net méi esou staark klammen, wéi an de leschte Joren, huet de Minister ugekënnegt. De gréissten Zouwuess géif et dobäi bei der Police, der Educatioun a bei der Arméi ginn.

Méi Sue fir Police a Verteidegung

D’Ausgabe fir d’Verdeedegung sollen dëst Joer op bal 700 Milliounen Euro klammen. Dat sinn 0,83 Prozent vum PIB. Bal 70 Milliounen Euro sinn dëst Joer als Hëllef fir d’Ukrain virgesinn.

De Police-Budget soll dëst Joer ëm 49 Milliounen Euro klammen, an d’Ausgabe vum Landwirtschaftsministère ëm bal 42 Prozent. Wat d’Recetten ugeet, huet de Finanzminister ënner anerem ugekënnegt, datt d’Akzisen op Zigaretten an Tubak wäerte klammen.

„Och wäerte mir nei Akzisen op tubakänleche Produkter aféieren, zum Beispill op den E-Zigaretten an den Nikotinsäckelcher.“

Neie Fong fir Logementsprojeten ze finanzéieren

De Staat wëllt sech dëst Joer mat iwwer 430 Milliounen Euro un der Finanzéierung vu Bauprojeten zum Beispill vum Fonds du Logement oder de Gemenge bedeelegen. Dat ass däitlech méi wéi 2023. Am Beräich Logement wëllt de Gilles Roth awer och verstäerkt och op privat Investissementer setzen. Nach virum Summer soll dofir ee Fong geschafe ginn fir konkret Projeten ze finanzéieren. Gespréicher tëscht der Tresorerie vum Staat an de grousse Banke géifen de Moment scho lafen.

D’Betribsbesteierung soll 2025 an engem éischte Schrack ëm ee Prozentpunkt reduzéiert ginn, esou eng weider Ukënnegung. Och d’Besteierung vun aktiv geréierten ETF-Investmentfonge soll erof gesat ginn.

De Projet fir de Staatsbudget, deen de Finanzminister de Moien deposéiert huet, couvréiert den Zäitraum vum éischte Mee bis den 31. Dezember dëst Joer. Bis Enn Abrëll leeft nach de provisoresche Budget, mat de sougenannten "douzièmes provisoires", deen Enn vum leschte Joer, an der Suite vun de Chamberwale gestëmmt gi war.

Lauschterenplay_arrow