Besonnesch am Verglach mam aussergewéinlech dréchene September ass den Oktober däitlech méi naass ausgefall. Am September hat et um Findel nämlech ronn 60 Liter pro Quadratmeter manner gereent wéi an der Moyenne vun der Referenzperiod vun 1991 bis 2020.
De Reen am Oktober konnt deen Defizit awer net ausgläichen, esou de Bilan vum nationale Wiederdéngscht.
Déifdrockgebitt Austen huet Stuerm bruecht
Datt et am Hierscht méi reent, wier allerdéngs net ongewéinlech. Dat géif och fir méi héich Wandvitesse gëllen: Den 23. Oktober goufe jo Wandvitesse vu bis zu 74 Kilometer an der Stonn gemooss, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.
"Dat war am Zesummenhang mat deem Déifdrockgebitt - dat gouf international Austen genannt - dat iwwer den Ärmelkanal Richtung Holland an Norddäitschland gezunn ass, wou mir iwwer eng länger Period och méi staarke Wand haten."
Fir déi zweet Hallschent vum Dag hätt een dowéinst eng giel Warnung erausginn.
Nieft dem Ree war den Oktober mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 10,6 Grad och liicht méi waarm wéi an der Referenzperiod. Gläichzäiteg goufen awer och ronn 25 Sonnestonne méi registréiert wéi soss an engem Oktober.
D'Hëtzt 2026 kéint nees Rekorder briechen
An och Niwwel gouf et méi dacks: Meteolux huet um Findel zwielef Niwweldeeg gezielt, amplaz vun de knapp aacht an der Referenzperiod.
Mat Bléck op dat ganzt Joer 2026 zeechent sech dann och nees en ze waarmt Joer of, seet de Luca Mathias.
"Vun den Anomalien elo säit Januar gekuckt, si mir definitiv nees um Wee fir e waarmt Joer ze ginn. Ob dat elo fir d'Top 10, d'Top 5 oder esouguer d'Top 3 duergeet, muss ee mam November an Dezember nach eng Kéier ofwaarden, wéi sech dat Ganzt entwéckelt."
D'Statistike vu Meteolux weisen op eng längerfristeg Tendenz hin: Insgesamt sinn all Joreszäiten zu Lëtzebuerg méi waarm ginn, wat och e Signal vum Klimawandel wier, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.