arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Okaju ass besuergt iwwer d'Petitioun 3198

LGBT-Themen aus der Bildung wëllt ausschléissen

|
reading time

1 min

Den Okaju ass besuergt iwwer d'Petitioun 3198

Den Okaju mécht sech Suergen iwwer d'Petitioun, déi d'Zil huet, Themen iwwer LGBT aus der Bildung vu Kanner auszeschléissen. Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher verdeedegt a sengem Communiqué de gerechten Zougang zu objektiven Informatiounen iwwer Sexualitéit, onofhängeg dovunner, wat Famillje subjektiv gleewen.

reading time

1 min

Den Okaju kritiséiert all Versuch esou Informatiounen ze limitéieren, well d‘Bildung d‘Villfalt vun der Gesellschaft reflektéiere soll, heescht et. Dorënner och d‘LGBTIQA+ Persounen. Den Okaju ënnersträicht d‘Wichtegkeet vun der sexueller Bildung schonn am fréien Alter.