Radioen

On air

Notturno  |  Luke Haas - A True Story

play_arrow Live
search

/ Den Oflaf vun de Walen aus der Siicht vun engem Walobservateur

Lëtzebuerger op der Plaz

Den Oflaf vun de Walen aus der Siicht vun engem Walobservateur

5 Lëtzebuerger Deputéiert sinn als Walobservateuren aktuell an den USA. Ënner hinnen och den DP-Deputéierte Gilles Baum, deen am 100,7-Interview vun engem ganz fairen Oflaf geschwat huet.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

Virun engem Walbüro zu Prospect Heights, NY. | © Claire Barthelemy play_arrow
Foto: Claire Barthelemy

Am Kader vun der Observatiounsmissioun vun der OSZE an den USA war ënner anerem de Gilles Baum als Observateur op der Plaz. Den DP-Politiker hat ausserdeem d'Roll vum Coordinateur vun allen internationalen Observatiounen am Bundesstaat Kalifornien.

An dësem Staat war de Gilles Baum zesumme mam Emile Eicher an insgesamt 14 Walbüroen. D'Missioun wier elo ofgeschloss, esou de Gilles Baum, an et kéint een e ganz positive Bilan zéien. An deene Büroe wieren d'Wale "ganz fräi a ganz fair" ofgehale ginn, esou de Lëtzebuerger Walobservateur. Et goufe keng Irregularitéite festgestallt, just e puer Saachen, déi ee kéint besser maachen. Esou wieren an engem Büro d'Ecrane vun de Computer esou grouss gewiescht, datt een dem Wieler oder der Wielerin hätt kéinten iwwer d'Schëller kucken.

Den Debriefing ass schonn ofgeschloss, huet de Gilles Baum erkläert. Elo gëtt nach e Bericht gemaach, deen dann op Washington geschéckt gëtt.

An deene Büroen, déi de Gilles Baum observéiert huet, wier och alles friddlech ofgelaf. Et war quasi keng Police oder Security am Asaz. Just an engem Büro hätt ee Polizist gestanen. Dat, well do haaptsächlech déi jiddesch Communautéit wiele geet.

Den Interview mam Gilles Baumplay_arrow

Kalifornien: Ee Virbild fir Lëtzebuerg

Och dem Gilles Baum säi Fraktiounskolleeg Gusty Graas war zesumme mam LSAP-Deputéierte Claude Haagen zu Los Angeles ënnerwee. Och hien huet den Oflaf als Korrekt empfonnt, a si konnten hirer Observateursaarbecht ongestéiert nogoen. Eng kleng "Situatioun" gouf et awer an engem Büro, deen dem DP-Deputéierten no eventuell net richteg iwwer der OSZE hir Aarbecht informéiert war. Mee och dat huet sech du gekläert. Och dësen Tëschefall wäert rapportéiert ginn.

Ee groussen Ënnerscheed tëschent engem Walbüro a Kalifornien an engem Büro zu Lëtzebuerg ass, datt an den USA op ville Plaze ganz elektronesch gewielt gëtt. An deem Punkt wier een zu Lëtzebuerg eventuell "e bëssen hannendrun", mengt de Gusty Graas. D'Stëmme kënne méi séier ausgezielt ginn a Resultater éischter festgehale ginn. Do kéint ee sech zu Lëtzebuerg Gedanke maachen, ob een den Oflaf vun eise Walen net moderniséiere wéilt, esou de Lëtzebuerger Walobservateur. 

De ganzen Interview mam Gusty Graasplay_arrow