Subside fir fossil Energië verschäerfen de Klimawandel a si kënnen d’Energietransitioun bremsen, warnt den Observatoire a sengem Avis un d’Regierung. Den aktuellen Energiepräisdeckel wier net déi richteg Richtung, seet de President vum Observatoire fir Klimapolitik, Andrew Ferrone.
Dës Subsiden halen d’Präisser kënschtlech niddreg a si verhënneren, datt d’Nofro no fossille Brennstoffer zeréck geet.
Sozial cibléiert Mesuren an eneierbar Energië favoriséieren
Fir Haushalter, mat engem manner héijen Akommes, proposéiert den Observatoire geziilten direkt Akommesënnerstëtzungen, sou den Andrew Ferrone „amplaz datt ee global d’Präisser erof setzt, wat ee falscht Signal ass, well mer jo musse vun de fossille Brennstoffer fort“.
Eng Méiglechkeet wier och d’Leit dozou ze bréngen, datt se manner fossil Brennstoffer wéi Gas oder Pëtrolsprodukter notzen, zum Beispill doduerch, datt verschidde Subside fir erneierbar Energië géifen erop gesat ginn, proposéiert de President vum Observatoire fir Klimapolitik. Et kéint een zum Beispill méi an d‘Richtung vun Elektroautoen oder Wäermepompele goen.
Hëllefe fir Entreprisen an Upassung vum Index-Wuerekuerf
Ee Virschlag vum Observatoire fir Klimapolitik, dee fir Diskussiounen dierft suergen, ass dee vun der Upassung vum Indexwuerekuerf. Dat wier politesch heikel an technesch komplex, ass den OPC sech bewosst.
„Mir sinn awer och der Meenung hei – an dat hu mer och gesot kritt – ee vun de Grënn firwat mat Subside geschafft ginn ass, wier eben, fir datt den Index net déi ganzen Zäiten an d’Luucht geet, wat mer och absolut verstinn, wat natierlech och fir déi kleng Betriber ee grousse Problem ass.“
Dowéinst sollen dës Entreprisë gehollef kréien, fir d’Energiekäschte kënnen ze droen, seet den Andrew Ferrone. Zousätzlech sollen déi fossil Brennstoffer aus dem Index geholl ginn, fir datt dësen net an d‘Luucht spréngt, wann déi fossil Brennstoffer an Zukunft an d‘Luucht ginn; wat se laangfristeg wäerte maachen, sou den Andrew Ferrone.
Wéini d’Regierung Decisiounen hëlt doriwwer, wéi et nom Enn vum dësem Joer mat de Mesurë fir d’Energiepräisser ze bremse viru geet, wéist een net genee, erkläert den Andrew Ferrone. Wéinst den aktuellen Diskussiounen doriwwer, hätt den OPC decidéiert säin Avis elo ze verëffentlechen. Den Observatoire wier selwer aktiv ginn, fir dës Stellungnam auszeschaffen.