No véier Joer als Directrice musicale vum Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) kennt d'Corinna Niemeyer zum Schluss vun hirem Mandat. De Georges Santer, Präsident vum Conseil d'Administration war am Gespréich mam Marie Trussart. Ënner anerem huet hie verroden, firwat d'Dirigentin hire Kontrakt net erweidert huet, wat d'Roll vun engem Direkter oder enger Directrice musicale ass an wat fir Persoune gesicht ginn.