De Mëttwoch de Moien ass am Schlass zu Senneng eng éischt Reunioun zesumme mat der DP, wou iwwert Method vun der Verhandlungen diskutéiert gëtt. Zu engem spéideren Zäitpunkt sollen Aarbechtsgruppe forméiert ginn, wou och Experte mat um Dësch wäerte sëtzen. Dat sot eis de Claude Wiseler no der Reunioun vum Nationalrot zu Stroossen. De Formateur Luc Frieden huet op Nofro hi gemengt, datt ee séier kéint viru kommen
E wier net gutt an där aktueller Situatioun mat de geopoliteschen Onsécherheeten, keng nei Regierung ze hunn. De Michel Wolter, Käerjenger Buergermeeschter, war op Nofro hin der Meenung, datt ee sech eens kéint ginn, iwwert déi zéng Haaptpunkten, déi CSV an hirem Walprogramm als Prioritéite gesat hat. Hie sot och, d‘Theme Klimawiessel an Energietransitioun wieren net vum Dësch, mee et misst een dat mat de Leit zesumme maachen, an net vun uewen erof.