Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
search

/ Den Joe Biden mécht Drock: Israel wëllt méi humanitär Hëllef an d'Gazasträif eraloossen

Telefonsgespréich mat Netanjahu

Den Joe Biden mécht Drock: Israel wëllt méi humanitär Hëllef an d'Gazasträif eraloossen

Israel huet sech elo bereet erkläert, méi humanitär Hëllef an d‘Gazasträif eranzeloossen. De Grenziwwergang Erez am Norde gëtt fir déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich zäitweileg nees opgemaach.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Amr Adel
Foto: picture alliance/dpa | Amr Adel

Den Hafen vun Aschdod gëtt och opgemaach, an et soll méi Hëllef aus Jordanien iwwer de südleche Grenziwwergang Kerem Schalom an d‘Gazasträif kommen.

Dat huet Israel annoncéiert kuerz nodeems den US-President Joe Biden den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an engem Telefonsgespréich gewarnt huet. Fir weider op d‘Ënnerstëtzung vun den USA zielen ze kënnen, misst Israel Mesuren huele fir déi humanitär Kris an der Gazasträif ze verréngeren an Zivilisten ze schützen.

Et war dat éischt Gespréich tëschent Biden an Netanjahu, zanter datt siwe Mataarbechter vun der Hëllefsorganisatioun World Central Kitchen bei enger israeelescher Attack ëm d‘Liewe koumen. Déi international Kritik un der israeelescher Militäroffensiv gouf duerno nach méi staark.

A Groussbritannien hunn iwwerdeems 600 Juristen an Experten d‘Regierung an engem Bréif opgefuerdert, d‘Waffeliwwerungen un Israel ze stoppen.