Radioen

On air

Concert  |  Ganz am Zeeche vum Richard Wagner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: Situatioun am Noen Osten deeskaléieren

Noen Osten

Xavier Bettel: Situatioun am Noen Osten deeskaléieren

De Xavier Bettel verurteelt souwuel déi iranesch Rakéitenattack op Israel, wéi och déi israeelesch Buedemoffensiv am Südlibanon. De Lëtzebuerger Ausseminister appeléiert un den Iran an un Israel fir d'Situatioun am Noen Osten ze deeskaléieren.

auto_stories

2 min

Xavier Bettel | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Et misst ee sech elo och drop konzentréieren d'Kollateralschied ënner den Zivilpopulatiounen ze limitéieren. De Xavier Bettel erënnert och drun, datt ee viru Kuerzem nach d'Hoffnung hat, datt deen neien iranesche President méi moderéiert géif optrieden, déi Hoffnung kéint een no der iranescher Attack en Dënschdeg net méi hunn.

Der israeelescher Arméi no wieren eng 180 Rakéiten op Israel geschoss ginn. Déi meescht dovu wiere vum Ofwiersystem interceptéiert ginn. E puer Rakéite wieren ageschloen. Am Westjordanland koum eng Persoun ëm d'Liewen, an zu Tel Aviv gouf et zwee Blesséierter. Déi iranesch Attack huet ronn eng Stonn laang gedauert.

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel

Lauschterenplay_arrow

Benjamin Netanjahu annoncéiert Revanche

Den Iran sot, et wier eng Revanche fir den Doud vun Hisbollah- an Hamas-Cheffe gewiescht, déi vun Israel ëmbruecht goufen.

Israel huet mat Konsequenze gedreet. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu sot, den Iran hätt e schwéiere Feeler gemaach a géif dofir bezuelen.

Israel attackéiert weider am Libanon

Den UNO-Weltsécherheetsrot soll den Owend fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummekommen.

Israel huet an der Nuecht op en Dënschdeg dann nees Ziler vun der Hisbollah an der libaneesescher Haaptstad Beirut ugegraff. Den Dënschdeg waren israeelesch Zaldoten an de Süde vum Libanon amarschéiert. Et wier eng limitéiert, lokaliséiert a gezillt Buedemattack géint d'Hisbollah, esou déi israeelesch Arméi.

Aktualitéit
International