Radioen

On air

Notturno  |  Sault - Threats

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Den Hallwer Néng" zu de Chamberwalen

Dossier

"Den Hallwer Néng" zu de Chamberwalen

Den 8. Oktober wielt Lëtzebuerg 60 nei Deputéiert. Hei fannt Dir all eis "Den Hallwer Néng"-Emissiounen ronderëm d'Chamberwalen.

auto_stories

14 min


Eng éischt Walkampfanalys an d'Roll vu Social Media an de Walplakater

Walplakater | © Jo Diseviscourt
Walplakater (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Pia Oppel aus der 100,7-Noriichteredaktioun analyséiert, wat nom 8. Oktober geschéie kéint. Den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung Marc Schoentgen schwätzt iwwer Walpalakter, social media-Campagnen a Fairplay-Regelen am Walkampf.

Lauschteren


Bauer sinn am Joer 2023

Christophe Keipes | © Jo Diseviscourt
Christophe Keipes (Foto: Jo Diseviscourt)

Bauer ze sinn ass eng ustrengend Aarbecht, seet de Christophe Keipes. Hien ass 31 Joer al an huet virun dräi Joer de Bauerenhaff vu sengen Elteren iwwerholl.

Lauschteren


D'Medienopsiicht ALIA

Thierry Hoscheit | © Morgane Weidig
Thierry Hoscheit (Foto: Morgane Weidig)

De President vun der Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l’Audiovisuel (ALIA) Thierry Hoscheit erkläert d’Spillreegele vun der Campagne an den audiovisuelle Medie mat ëffentlech-rechtlechem Optrag, also RTL a radio 100,7.

Lauschteren


Wéi positionnéieren d‘Parteie sech zum Klimaschutz?

Klimaschutz | © Bigstock
Klimaschutz (Foto: Bigstock)

De Klimaschutz huet am Walkampf bis elo nach keng grouss Roll gespillt, mee natierlech hunn d’Parteie sech all an hire Walprogrammer dozou geäussert. D'Pia Oppel aus der 100,7-Noriichteredaktioun huet déi verschidde Positiounen analyséiert.

Lauschteren

Op der Sich no 3.827 Infirmièren an 1.262 Dokteren

Anne-Marie Hanff an Anne Eyschen | © Jo Diseviscourt
Anne-Marie Hanff an Anne Eyschen (Foto: Jo Diseviscourt)

Am neie Plan National Santé ass prezis chiffréiert, wéi vill Dokteren an Infirmiere bis 2030 musse fonnt ginn, fir och dann nach eng gutt Gesondheetsversuergung hei am Land garantéieren ze kënnen.
D‘Anne Eyschen, Presidentin vun der ALEM (Association Luxembourgeoise des Etudiants en Médecine) an d‘Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL (Association Nationale des Infirmières et Infirmiers Luxembourgeois) soen, wat hirer Meenung no geschéie muss, fir datt deen ambitiéise Rekrutement gelénge kann.

Lauschteren


ILRES an hir Sondagen

Manon Breden
Manon Breden

D‘Manon Breden vun der ILRES erkläert, wéi eng Reegelen am Virfeld vu Wale fir Sondagë gëllen, a wéi den 8. Oktober d‘Héichrechnung opgestallt gëtt.

Lauschteren 


Walkampfanalys: Logement

© picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack
(Foto: picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack)

Mat wéi enge Rezepter wëllen déi eenzel Parteien de Logementsproblem an de Grëff kréien? D'Pia Oppel mat enger Analys.

Lauschteren

Vëlo an ëffentlechen Transport: wou nach Sputt no uewen ass

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

De Jean Roilgen war laang Zäit President vum Comité des usagers des transports, engem Gremium vun Notzer vu Bus, Zuch an Tram, dee Kriticken entgéint geholl a Verbesserungsvirschléi weidergeleet huet. Säin Asaz fir e besseren ëffentlechen Transport war och mat Enttäuschung a Frustratioun verbonnen. 
De Christophe Reuter ass am Mobilitéitsministère zoustänneg fir déi strategesch Verkéiersplanung, also och fir den Ausbau vum Reseau vu Vëlospisten. Hien erkläert, firwat et heiansdo net esou séier virugeet, wéi een dat gär hätt.

Lauschteren


Vum Walrecht bis bei d’Walbezierker: Wéi ass eise Walsystem entstanen?

Denis Scuto | © Jo Diseviscourt
Denis Scuto (Foto: Jo Diseviscourt)

Wéi koum et zu der Opdeelung vum Land a véier Walbezierker? Explikatioune vum Historiker Denis Scuto.

Lauschteren


Ee Bilan vun der Walcampagne

An dräi Deeg si Chamberwalen: Wat ass zeréckzebehale vun dëser 2023er Walcampagne? Eng Analys vum Pia Oppel aus der 100,7-Noriichteredaktioun.

Lauschteren


Wéi schwéier ass et fir Studentinnen a Studenten eng Wunneng ze fannen?

Catherine Léglu | © Jo Diseviscourt
Catherine Léglu (Foto: Jo Diseviscourt)

Wéi schwéier ass et fir Studentinnen a Studenten eng Wunneng ze fannen? D’Catherine Léglu, Vize-Rektorin vun der uni.lu beschreift d’Situatioun.

Lauschteren


Tiny Houses: Wéi eng Schwieregkeete gëtt et nach?

Claude Hermes | © Jo Diseviscourt
Claude Hermes (Foto: Jo Diseviscourt)

Wéi grouss ass den Interessi fir Tiny houses? A firwat stinn der nach esou wéineg doruechter? De Claude Hermes, Patron vun enger Schräinerei erkläert, wourun de Bau vun deene Mini-Logementer dacks nach scheitert.

Lauschteren