D’Bioproduktioun mécht ronn 7 Prozent vun der landwirtschaftlecher Fläch zu Lëtzebuerg (8500 Hektar) aus. D’Wënzer si Virreider mat bal 9 Prozent (105 Hektar). 24 Betriber setzen zu Lëtzebuerg op Biowäibau. Ee vun deene gréissten ass de Betrib Schmit Fohl vun Ohn mat 15 Hektar. E gouf an der siwenter Generatioun viru 7 Joer ëmgestallt. Een éischt Objektiv war et d’Qualitéit vum Wäin ze verbesseren. De Buedem spillt derbäi eng wichteg Roll, erkläert den Nicolas Schmit vum Domaine Schmit Fohl vun Ohn.
"Mir hu geduecht, datt mir duerch de biologesche Wäibau méi schounend fir de Buedem schaffe kéinten an datt mir méi aus dem Terrain kéinten eraushuelen. Dat war de But dovun. Mir sinn iwwerzeegt vum Bio, awer mir si keng Fundamentalisten. Et ass d'Qualitéit vun eisem Produit, déi am wichtegsten ass, an de Bio ass e flotten Atout, well mir doduerch eis Wäiner nach méi differenzéiere kënnen."
Eng Entscheedung aus Iwwerzeegung
Fir de Bio-Bauer Tom Kass dogéint, ass d'Biolandwirtschaft eng Iwwerzeegung. Viru 25 Joer huet hien déi perséinlech Entscheedung geholl säi Betrib op Bio ëmzestellen. Eng Entscheedung déi hie bis haut ni bereit huet, erzielt hien am 100,7-Interview. Och net wärend dem Krich an der Ukrain. Deemools huet hien zwar missen e Spenden Opruff maachen, fir sech kënnen iwwer Waasser ze halen. Deen Opruff hat och en immense Succès, wat un där schéiner Gemeinschaft géif leien, déi säin Haff sech opgebaut hätt. Fir hie schafft een als Bauer zesumme mat der Natur, an dat wier eppes, dat fir all Bauer normal sollt sinn. En erzielt, wéi hie scho virun 30 Joer op der Uni geléiert hätt, datt nëmmen d'Biolandwirtschaft eng Optioun wier, fir d'Klimaziler kënnen ze erreechen.
Eng Fro vum Marché
De Bauer Guy Feyder, fréiere President vun der Landwirtschaftskammer, gesäit dat anescht. Hien hätt wuel scho mam Gedanke gespillt fir de Betrib ëmzestellen, huet sech awer aus ekologesche Grënn ëmmer rëm dogéint entscheet. Hien ass Mëllechbauer an do wier Bio um Marché méi schwéier, erkläert de konventionelle Bauer. Och méi Ënnerstëtzung vun der Politik, wéi ënner anerem Subsiden, hätt näischt u senger Entscheedung geännert.
Eng direkt Konkurrenz tëscht bio a konventionelle Bauere géif et net onbedéngt ginn, mengt hien. Et wieren ënnerschiddlech Perséinlechkeeten, déi sech fir déi verschidde Produite géifen decidéieren.
Méi Schwieregkeeten - méi héich Präisser
An der Biolandwirtschaft gëtt engersäits organesch gedüngt, an et gëtt op den Herbizid verzicht. Dat dréit zur Biodiversitéit bäi a schützt de Buedem. Weider gëtt am Fall vu Befall, wéinst der Fiichtegkeet, zwar gesprëtzt mee just mat sougenannte Kontaktmëttel, erkläert de Nicolas Schmit.
"Eis Mëttele sinn net esou effikass. Et sinn natierlech Mëttelen, aus Koffer a Schwiefel, déi gesprëtzt ginn. Soss Näischt. (...) D'Mëttele gi rëm ofgewäsch a ginn net vun der Planz opgeholl. Dat ass vill méi schounend fir d'Planz."
De konventionelle Wäibau setzt par konter chemesch systeemesch Sprëtzmëttel an déi vun der Planz opgeholl ginn.
"Am konventionelle sinn et cheemesch Produiten, déi gesprëtzt ginn. Déi si vill méi effikass."
Am Biowäinbau kéint een also nëmme präventiv schaffen, dat wier d'Schwieregkeet drun. Ee Grond wisou d'Präisser am Bio dacks méi héich sinn. Den Nicolas Schmit wënscht sech, datt d‘Konsumente besser driwwer informéiert gi wat de Biowäibau fir d'Wënzer bedeit a wéi aarbechtsintensiv d‘Produktioun ass.
Konsequenze vum Klimawandel
Egal ob Bio oder net: d’Wieder, de Reen, d’Hëtzt, d’Dréchent an de Klimawiessel hunn een Afloss op d’Gesondheet vun de Riewen. Wéinst dem waarme Fréijoer, an dem Frascht hat den Domaine Schmit Fohl am Duerchschnëtt e Verloscht vu ronn 30 Prozent.
Zanter Mëtt September ass d‘Wäilies am gaangen, plazeweis gouf jee no Fäulnis un den Drauwen, méi fréi ugefaang ze liese fir ze vill Verloschter ze verhënneren. De Nicolas Schmit hofft elo op e gudde Joergang.