Fir den Nach-DP-Deputéierte Pim Knaff ass d’Enttäuschung, net erëmgewielt ginn ze sinn, verdaut. Hie mécht sech keng grouss Suergen iwwer seng berufflech Zukunft. Als Affekot mat 30 Joer Erfarung wär hien och wärend senger Zäit an der Chamber “ni ganz fort” gewiescht. Dofir hätt hie seng Stamm-Clienten och net verluer, erkläert de Pim Knaff.
D’Semiray Ahmedova vun déi gréng ass geléiert Architektin. Si huet, éier se an d’Chamber koum, am Ministère fir Landesplanung geschafft, an huet d’Garantie, do nees ënner ze kommen – wa se dat wëll. Si kéint sech awer och gutt virstellen, nëmmen nach zum Deel am Ministère ze schaffen an zu engem anerem Deel an enger asbl, déi sech mat der Logementsthematik befaasst.
Fir si wier et awer elo mol wichteg, hire Congé parental nozehuelen. Onkloer ass awer, ob si deen zegutt huet. Als Beruffspolitikerin hätt een do kee Recht drop, erkläert si. Ee Punkt deen onbedéngt misst prioritär geännert ginn, wann ee wëll datt méi Fraen an d’Politik ginn.