Am August zejoert hat de Parquet eng Enquête opgemaach fir d'Doudesursaache vun de 5 Muppen erauszefannen. Déi Enquête leeft nach.
Déi concernéiert Hondspensioun hat keng Autorisatioun vum zoustännege Landwirtschaftsministère. Viru Kuerzem wiere Perquisitiounen an de Lokaler vun der Hondspensioun am Süde vum Land an op zwou Plazen a Frankräich gemaach ginn.
De Parquet erënnert och un d'Présomption d'innocence.