Wien dacks am Supermarché Äppel keeft huet vläicht gemierkt, datt de Choix net immens grouss ass. Am Géigesaz zum Bongert, wou immens vill Zorte wuessen. Den Agraringenieur Marc Thiel erkläert, datt d’Leit fréier vill méi vun a mat de Bongerte gelieft hunn, an si dofir och vill Äppelzorten ugebaut hunn. Déi eng goufe genotzt fir ze kachen, déi aner fir ze baken, an nach anerer fir Viz ze maachen.
Ëmmer méi séiss a méi knackeg
Vue datt dës Beem iwwer 100 Joer al kënne ginn si se hautzedaags Zäitzeie vun de Gewunnechte vu fréier. Mee haut hunn d’Iessgewunnechte vun de Leit geännert: d’Äppel mussen ëmmer méi séiss an ëmmer méi knackeg ginn.
Och de Marc Thiel huet den Androck, datt déi meescht Leit haut just nach Äppel kafen, fir ze iessen. D’Nofro no de spezifeschen Zorten huet ofgeholl. Dobäi ginn et zu Lëtzebuerg ongeféier 200 verschidden Äppelzorten.
Mee déi eeler Zorte sinn oft méi sauer, an dofir net sou beléift, erkläert de Marc Thiel. De Problem ass awer, datt wa keen eppes domadder unzefänke weess, dës Äppelzorten ausstierwen.
![De Marc Thiel ass Agraringenieur beim SIAS. | © Jo Diseviscourt De Marc Thiel ass Agraringenieur beim SIAS. | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/55298/image-thumb__55298__base_thumbnail/Marc%20Thiel%201.78469063.jpg)
Iessuebst vun de Plantagen, Wirtschaftsuebst aus dem Bongert
Am Supermarché fënnt een Äppel, déi vu Plantage kommen. Dëst si modern Zorten, déi dem Goût vum Konsument ugepasst sinn. Am Bongert ass de Fokus een aneren. Déi Äppel hei sinn an éischter Linn net fir de Konsum geduecht. Si ginn och net behandelt. D’Äppel am Bongert si geduecht, fir verschafft ze ginn: Viz, Drëppen oder Cider.
Am Bongert zu Manternach houngen dëst Joer wéineg Äppel un de Beem. De Marc Thiel erkläert, datt et dofir zwou Erklärunge ginn. Do spillt zum Beispill d’Phänome vun der Alternanz eng Roll. Dat heescht, datt dat eng Joer vill Uebst ka wuessen, an dat Joer drop wéineg.
Dobäi kënnt, datt dëst Joer d’Wieder wärend der Bléi ze schlecht war. Et war ze naass, an d’Beie sinn net esou vill geflu wéi soss. Doduerch goufen d’Beem manner bestäubt.
![Ee Bongert zu Manternach. | © Jo Diseviscourt Ee Bongert zu Manternach. | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/55304/image-thumb__55304__base_thumbnail/Bongert.026c3a9e.jpg)
Déi al Äppel als Basis fir virun ze ziichten
Déi grouss Zortevielfalt am Bongert ass awer och hëllefräich an Zäite vum Klimawandel. Ee grousse genetesche Pool erméiglecht et erauszefannen, wéi eng Zorte resistent géigeniwwer de klimatesche Bedingunge sinn, a wéi eng net.
Bei wéi engen Zorten dat de Fall ass, kann een awer nach net soen, esou de Marc Thiel. Et misst een nach ofwaarden. Mee wann eng Partie vun den 200 Zorten zu Lëtzebuerg gutt domat eens gëtt, dann hätt een eng gutt Basis fir virun ze ziichten, seet den Agraringenieur vum SIAS.
De Problem ass, datt déi beléift Zorten, déi een am Supermarché fënnt, all vun de selwechte fënnef Zorten ofstamen. Dës Zorte si relativ modern an och méi ufälleg géigeniwwer vu Krankheeten.
Am Bongert zu Manternach ginn al Äppelzorten ugeplanzt. Well dës jo 100 Joer al kënne ginn, sinn dës Zorte fir déi nächst 100 Joer gerett. Dëst ass d’Philosophie vum Bongert: den Apel fir déi zukünfteg Generatiounen ze erhalen.
![De Marc Thiel weist eis déi verschidden Äppel, déi am Bongert wuessen. | © Jo Diseviscourt De Marc Thiel ass Agraringenieur beim SIAS. | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/55301/image-thumb__55301__base_thumbnail/Marc%20Thiel%202.360567c0.jpg)