Den Delai fir en Accord leeft hënt of. Domat wäerten 1,5 Millioune Beamten a Member vun der Arméi bis op Weideres keng Pai kréien, well all Administratiounen a staatlech Servicer zou sinn. Den Hin an Hier ëm de Budget widderhëlt sech an den USA praktesch all Joer. Meeschtens geet ee sech dann iwwert en Iwwergangsbudget eens, mee och dat dierft déi Kéier net mat Zäite geléngen.
Wei laang de Shutdown dauert bleift ofzewaarden. Dee längste war 2018/ 19 – deemools huet et fënnef Woche gedauert. Gestridde gouf iwwer d‘Fuerderung vum deemolege President Donald Trump fir eng Mauer laanscht Mexiko ze bauen.