arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dem Grand-Duc Guillaume seng éischt Ried virun der UN-Vollversammlung zu New York

UN-Generaldebatt

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Dem Grand-Duc Guillaume seng éischt Ried virun der UN-Vollversammlung zu New York

De Lëtzebuerger Staatschef huet d‘Theema Vertrauen an de Mëttelpunkt gestallt. D‘Vertrauen tëschent Staaten a Mënsche géif trotz enger enk vernetzter Welt ëmmer méi ënner Drock geroden, sot de Grand-Duc zu New York.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© UN Photo
(Foto: UN Photo)

De Grand-Duc huet och déi jonk Generatiounen an de Mëttelpunkt gestallt. Et misst een hinne Vertrauen a Responsabilitéite ginn, fir Äntwerten op déi grouss Ännerunge vun eiser Zäit ze ginn, dorënner d‘Kënschtlech Intelligenz.

Déi éischt Ried als Staatschef bei der UN

Bei der Vollversammlung vun der UNO zu New York war et déi éischte Kéier, datt de Grand-Duc Guillaume sech als Staatschef un d’Vereenten Natiounen adresséiert huet. 

E puer Spriecher virun him war den US-President Donald Trump un der Rei, deen den Dag nees mat sengem "America First"-Message dominéiert huet.
Vum Grand-Duc gouf et a senger Ried eng Defense vum Multilateralismus, vun internationalen Institutioune wéi de Vereenten Natiounen.

Vum Donald Trump gouf et nees Warnungen, datt d'USA bereet wieren, den Iran ze zerstéieren.

18 Minutte laang war dem Lëtzebuerger Staatschef seng Ried, op Franséisch an op Englesch gehal. Dem Grand-Duc säin Discours gouf tëschent deene vun de Presidente vu Finnland a Frankräich placéiert.

En Trio vu Männer, déi d’Institutioun, bei där si geschwat hunn, gelueft hunn, an een europäesche Kontrast zur bombastescher Presentatioun vum US-President Donald Trump méi fréi moies gemaach hunn.

Ried an enger Krisenzäit fir déi Vereenten Natiounen

Dem Staatschef seng éischt Visitt a senger neier Roll op d’UN-Vollversammlung koum an enger Krisenzäit fir d’UN, där hir Aufgab jo ass, de Fridden ze promouvéieren a wa méiglech ze schafen. Mat sëllege Kricher an der Welt ass déi Roll geschwächt.

Mee d’Optioun, déi vun dëser amerikanescher Regierung promouvéiert gëtt, déi vum Nationalismus a vum eesäitege Krich, déi gouf hei vum Grand-Duc rejetéiert, zwar net explizit.

“Am Endeffekt ass den Test vum Multilateralismus net wéi vill Resolutioune mir adoptéieren oder wei vill Reunioune mir halen. Et geet drëms, ob e Kand mei Sécherheet huet wéinst eisen Decisiounen, ob eng jonk Persoun eng Educatioun ka kréien an eng Famill an Dignitéit ka liewen, an ob e klengt Land gleewe kann dat dat internationaalt Recht et beschützt wann d'Muecht aleng dat net mécht. Dofir ass d'Vertrauen esou wichteg, an dofir wäert Lëtzebuerg weiderhin de Multilateralismus verdeedegen. Well mir wësse wat geschitt wann de System net funktionéiert.”

Applaus gouf et, wou de Staatschef fir d’Reform vum UN-Sécherheetsrot an eng méi wichtege Roll fir Afrika opgeruff huet. Am Discours huet de Grand-Duc och déi Delegéiert opgeruff, méi op déi jonk Leit ze lauschteren. E Leitmotiv vu senger nach jonker Zäit als Staatschef.

play_arrow Lauschteren