Fir ee vun de Chauffeuren, e Mann vu 37 Joer, wier all Hëllef ze spéit komm. Hien ass nach op der Plaz gestuerwen. Beim zweete Chauffeur wier den Alkohol-Test positiv gewiescht, esou d‘Police.
Hie wier éischten Erkenntnisser no och net schwéier blesséiert ginn. De Parquet huet de Miess-, an Erkennungsdéngscht un der Police judiciaire mat der Enquête beoptraagt an eng Autopsie gefrot.
D‘Police sicht iwwerdeems no engem drëtten Auto a no Zeien. Déi zwee accidentéiert Autoe sollen éischten Informatioune no vun engem drëtte Gefier iwwerholl gi sinn, schreift d‘Police. De Chauffeur vun deem Gefier an eventuell aner Zeie solle sech bei der Police vu Capelle mellen.
Fir d‘Rettungs-, a Botzaarbechte war d‘Autobunn a Richtung Arel eng Zäit laang komplett gespaart ginn. Géint 8 Auer huet CITA gemellt: Den Accident wier geraumt an d‘Iwwerhuelspuer nees op. Déi riets Spuer géif bis op Weideres gespaart bleiwen.