An enger virleefeger Evaluatioun heescht et, datt de presuméierten Täter zum Moment vu der Dot an engem Wan gewiescht wier. Hien hätt d‘Gefill gehat, verfollegt ze ginn. Deemno wier hien zu deem Moment net an der Lag gewiescht, säi Verhale bewosst ze steieren.
Déidlech Messerattack am Juli
Am Virmëtteg vum 15 Juli war den 22 Joer ale Beschëllegten an der Robert-Schuman-Allee zu Tréier ënnerwee. Géint 10 Auer ass him een - och 22 Joer alen - Student entgéint komm, deen grad akafe war. De Beschëllegten huet hien, aus dem Näischt, mat engem Kichemesser attackéiert: Fir d'éischt huet hien d'Affer vum Foussgängerwee op d'Strooss gestouss an dann op hien agestach.
D'Affer ass doropshin op der Strooss zesummegebrach. De Student ass wéineg spéider u senge Blessuren an enger Klinick zu Tréier verstuerwen. De Beschëllegten ass zënter dem déidleche Messerugrëff an der zouener Psychiatrie.
D'Schwurgerichtskammer muss elo decidéieren op et zum engem Prozess géint den 22-Jäeregen kënnt oder net.