Radioen

On air

Thé Dansant  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ Déi 29. UNO-Weltklimakonferenz fänkt un

Klima

Déi 29. UNO-Weltklimakonferenz fänkt un

Virum Hannergrond vun ënner anerem den uergen Héichwaasseren, oder extreemer Hëtzt, fänkt an dëse Minutten zu Baku an Aserbaidschan déi 29. UNO-Weltklimakonferenz un. Si dauert bis e Freideg 8 Deeg.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

COP29 | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

Vertrieder aus 197 Länner a vun der Europäescher Unioun bewäerten dobäi déi weltwäit Beméiunge fir d’Ëmsetze vum Paräisser Klimaofkommes. 2015 war op der Weltklimakonferenz an der franséischer Haaptstad festgehale ginn, datt d'Äerderwäermung op 1,5 Grad par rapport zur virindustrieller Zäit sollt limitéiert ginn. Zejoert louch een allerdéngs scho bei 1,45 Grad plus.

Wat en neie Rekordwäert duergestallt huet. Dobäi kënnt, datt d'Intensitéit vum Reen an d'Heefegkeet vun Iwwerschwemmungen och zougeholl huet: E lescht Beispill dofir waren d'Evenementer an der Regioun ronderëm Valencia a Spuenien. Der Wëssenschaftssinitiativ World Weather Attribution no hätt de Klimawandel d'Warscheinlechkeet vu méi zolittem Héichwaasser a Mëtteleuropa ongeféier verduebelt. An och Phenomeener vun extreemer Hëtzt wieren däitlech méi probabel.

Votum Klima: Lëtzebuerg soll 300 Milliounen Euro pro Joer bezuelen

Votum Klima, den Zesummeschloss vun enger ganzer Rei vun Acteuren aus dem Ëmwelt- a Kooperatiounsberäich, huet am Virfeld vun der COP29 en oppene Bréif un d'Regierung geschéckt, an deem d'Erwaardungen an d'Fuerderunge vun den ONGen opgelëscht ginn. De Raymond Klein, Vertrieder vun Action Solidarité Tiers Monde - kuerz ASTM - hofft op en Accord iwwer dat neit globaalt Zil fir d'Klimafinanzéierung. Dat géif den Haaptenjeu vun där Weltklimakonferenz duerstellen. Fir dëst "new collective quantified goal on climate finance" soll e Minimum vun 100 Milliarden US-Dollar d'Joer bereetgestallt ginn, net grad 93 Milliarden Euro.

Votum Klima fuerdert, datt de Grand-Duché 300 Milliounen d'Joer bezilt fir de Schued, deen dacks wäit ewech vun eis als Konsequenz vum Klimawandel entsteet. Dës Fuerderung géif, esou de Raymond Klein, op eiser historescher Responsabilitéit baséieren, spréch den Emissiounen.

"Déi Lëtzebuerg an der Vergaangenheet gemaach huet, an och seng Prosperitéit. Dat heescht, well mer jo och e Land sinn, wat d’Moyenen huet, kënne mer och grouss Efforte maachen."

Lëtzebuerg wäert zu Baku ënner anerem duerch den Ëmweltminister Serge Wilmes an duerch Jonker vu Youth for climate action vertruede sinn. Si sollen hëllefen zum zukünftege Wuel vun der Äerd mat bäizedroen.

Lauschterenplay_arrow