Déi nei Kompositioun fir Nationalfeierdag 2026 geet un de Jean-Jacques Mailliet
Dem Jean-Jacques Mailliet seng Kompositioun gouf zeréckbehale fir op Nationalfeierdag an der Philharmonie opgefouert ze ginn. Dat deelt de Kulturministère haut mat. De jonke Violonist a Komponist gouf vun enger Jury ënner néng Kandidaten zeréckbehalen. D‘Wierk gëtt mat 6.500 Euro dotéiert.
Jean-Jacques Mailliet (Foto: Post Luxembourg / Claude Piscitelli)
De Jean-Jacques Mailliet gouf 1998 gebuer an huet scho mat 3 Joer ugefaange Gei ze spillen. Hien huet klassesch Gei am Conservatoire studéiert, herno ass hien an d’Jazzdepartement gewiesselt.
2015 koum säin éischten Album zesumme mam Orchestre National de Jazz de Luxembourg eraus. Dat mat eegene Kompositiounen.