arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nei Kannerkëscht-App ass do!

Kannerkëscht

|
reading time

2 min

Déi nei Kannerkëscht-App ass do!

Vun elo u sinn d'Lauschtergeschichte vum Mukami, dem Jos, den dräi luussegen, muussege Monsteren an nach villes méi an enger eegener Kannerkëscht-App disponibel. Spannend Geschichte fir Kanner vun 3 bis 12 Joer, ganz ouni Reklammen an ouni Ecran!

reading time

2 min

Dir kënnt iech d'Kannerkëscht-App vun elo un am App Store oder am Google Play Store eroflueden.

D’App bitt e grousse Choix u Lauschtergeschichte fir Kanner vun 3 bis 12 Joer. Ob spannend Geschichten oder informativ Podcasten: alles ass op Lëtzebuergesch an huet dat selwecht Zil, d'Fantasie vun de Kanner unzereegen an hinnen eng héichwäerteg Lauschtererfarung ze bidden. An dat alles an engem sécheren Ëmfeld, wou Dir d'Kanner ouni Bedenke mat der App eleng loosse kënnt, ouni ze fäerten, datt Inhalter ugewise ginn, déi net kannergerecht sinn. An dat Ganzt och ouni Reklammen!

Mat der neier App gëtt et nach méi einfach, déi passend Geschicht ze fannen. D’Inhalter kënnen no Alter a Serie gefiltert ginn, esou datt Elteren a Kanner genee dat fannen, wat am beschten zu hinnen an hiren Interesse passt. Esoubal d’Geschicht gestart gëtt, kënnen d’Kanner se ganz ouni Ecran genéissen.

Nieft engem iwwersiichtlechen Design bitt d’App och praktesch Funktiounen: Et ass méiglech, eenzel Episoden ze späicheren an erofzelueden, fir se spéider séier erëmzefannen an ënnerwee z. B. am Auto oder am Fliger ze lauschteren.

D’Kannerkëscht-App ergänzt déi bestoend Online-Offer vum Radio 100,7 a mécht et nach méi einfach, déi vill Geschichten iwwerall dobäi ze hunn - doheem oder ënnerwee. Esou gëtt aus all Lauschtermoment eng kleng Rees an nei Welten, voller Fantasie, Wëssen an Aventuren.