Radioen

On air

Spektrum  |  Horse Jumper Of Love - Wink

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nei Heemecht an hire Verlag

Den Hallwer Néng

Déi nei Heemecht an hire Verlag

Am Kader vun der offizieller Zeremonie fir Nationalfeierdag gouf virun 10 Deeg an der Philharmonie en Arrangement vun eiser Nationalhymn gespillt, dat bis elo nach ni ze héiere war. Et baséiert op enger handschrëftlecher Partitur vum Jean-Antoine Zinnen, dem Komponist vun der "Heemecht". Mee net alles wat an de leschten Deeg iwwer déi Partitur ze liesen an ze héiere war, ass richteg gewiescht.

auto_stories

3 min

headphones

23 min

© Morgane Weidig play_arrow
De Claude Krier ass President vun den LMP. (Foto: Morgane Weidig)

Net gestëmmt huet zum Beispill d’Ausso, d’Partitur vum Jean-Antoine Zinnen wier elo eréischt viru Kuerzem opgetaucht oder entdeckt ginn. Dat ass falsch. D’Dokument vun nëmme 4 Säite läit schonn zanter 1995 an der Nationalbibliothéik. Et gouf dem CEDOM (Centre de documentation musicale an der BNL) sengerzäit vun enger Privatpersoun iwwerlooss, an et ass och kuerz drop an deem sengem Katalog opgetaucht. 

D'Melodie bleift déi selwecht

Just huet laang Jore kee sech dofir interesséiert. An datt d’Manuskript grad elo aus den Archiven erausgekroopt gouf, ass am Fong dem OCL, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg, ze verdanken. Deen hat Wand kritt vun der Existenz vun där Partitur a wollt se spillen. Doduerch huet dat dunn déi Dynamik kritt, déi et kritt huet.

Et handelt sech awer net ëm eng nei Versioun vun der Melodie, just vun der Begleedung.

Déi Noute koume bei de Luxembourg Music Publishers eraus. De President vun den LMP, de Claude Krier, betount dann och, datt ee verschidde Fassungen erausbruecht huet, fir groussen Orchester, mee och fir Chouer mat Pianos- oder Uergelbegleedung, an deemnächst soll nach en Arrangement fir Blosmuseken derbäikommen.

LMP ass e Verlag, deen drop spezialiséiert ass, Partiture vu Lëtzebuerger Komponistinnen a Komponisten erauszebréngen, wa se gewëss Qualitéits-Krittären erfëllen. 950 verschidde Stécker huet de Verlag schonn a sengem Katalog. En huet kee kommerziellen Interessi. Dofir ass en och als ASBL organiséiert. Et geet virun allem drëm, Lëtzebuerger Wierker ze promovéieren an ze valoriséieren. 

LMP: Den Héritage opschaffen

De Claude Krier mengt och, datt nach vill Saachen am CEDOM leien, déi interessant kéinte sinn. Trotz Nofroe kritt een awer net ëmmer alles. Vläicht feelt et u forméierte Musekswëssenschaftler, mengt de Claude Krier. Oder et géing vu baussen net genuch nogefrot ginn.

Den Direkter vun der Nationalbibliothéik léisst déi Kriticken u sengem Haus net gëllen. An der Nationalbibliothéik wieren zwee ausgebilt Musikologe beschäftegt, sou de Claude D. Conter. Hie weist drop hin, datt eenzel Partituren am a-z.lu zougänglech gemaach ginn, soubal se katalogéiert sinn.*

LMP geet awer dovun aus, datt nach interessant Stécker aus der Lëtzebuerger Museksgeschicht onentdeckt an der BNL kéinte leien, a wëll dobäi hëllefen, deen Héritage opzeschaffen: “Da spillt een de Sherlock Holmes”, esou de President vum LMP. Mee wéi sou dacks kéint de Problem och sinn, datt ee sech zu Lëtzebuerg als ze kleng betruecht, seet de Claude Krier.

Lauschteren

*Dësen Artikel gouf den 22.07.2024 aktualiséiert

Musek
Politik a Gesellschaft