Virum éischte groussen Tripartite-Rendez-Vous muer warnt de STATEC-Direkter Tom Haas viru verschiddenen Zenarien fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft. Den aktuelle Previsiounen no gëtt am Juni elo déi zweet Indextranche bannent 13 Méint ausbezuelt.
Am beschte Fall géif déi nächst eréischt am zweeten Trimester d’nächst Joer erfalen. Villes hänkt awer dovun of, wéi sech d’Situatioun am Noen Osten an den nächste Wochen entwéckelt, seet den Tom Haas am 100,7-Interview.
Zwee méiglech Zenarien
An dem méi “favorabelen” Zenario géif d’Mieresstrooss vun Hormus an den nächste Wochen erëm opgoen. An deem Fall géif d’Inflatioun nach relativ limitéiert bleiwen an d’Präisdeierecht mat enger Joresmoyenne vu ronn 2,5 Prozent.
"Dat ass am Idealfall eng Situatioun, wou d'Inflatioun nach relativ limitéiert géif bleiwen, an der Joresmoyenne 2,5 Prozent, mee dat géif awer bedeiten, datt bis Ufank d'nächst Joer d'Inflatioun ëm déi 3 Prozent wier. An deem méi defavorabelen Zenario wier d'Inflatioun wäit iwwer 5 Prozent bis Ufank d'nächst Joer."
Wann d’Situatioun am Noen Osten sech awer net verbessert an d’Strooss vun Hormus weider zou bleift, da kéint d’Inflatioun däitlech méi héich ausfalen. An dësem “defavorabelen” Zenario kéint eng weider Indextranche schonn dëse Summer ausgeléist ginn.
An dat wier dann eng Situatioun, déi un d’Kris vun 2022 an un den Ufank vum Ukrain-Krich erënnert.
"Et gëtt all Dag méi probabel, all Dag wou et keng Léisung gëtt, a wou net méi Schëffer duerch déi Mieresenkt fueren, gëtt deen aneren Zenarie méi probabel an alles tëschent deenen zwee Zeenarien ass méiglech. Dat heescht, op alles wat tëschent deenen zwee Zeenarien ka geschéien, muss ee sech virbereeden."
Och wann de Krich am Noen Osten elo eriwwer wier, géif et nach dauere bis sech d’Situatioun nees “normaliséiert”, esou nach den Tom Haas. Och an dem méi “favorabelen” Zenario kéint sech d’Präisdeierecht bis an de Summer eranzéien an et kéint bis Enn vun dësem Joer dauere bis sech d’Situatioun nees erhëlt.
Energie- an Alimentatiounspräisser ënner Drock
Nieft den Energiepräisser, déi eng grouss Roll spillen, kéinten awer och d’Alimentatiounspräisser an den nächste Méint klammen. Grond dofir si méi héich Käschte fir ënner anerem Dünger, deen a de Produktiounsprozesser gebraucht gëtt.
Dem STATEC-Direkter no géifen aktuell nach Reserven a Lagerbestänn de Schock offiederen. Mee och hei géif alles vun der Situatioun ronderëm d’Mieresstrooss vun Hormus ofhänken.
"Fir en temporäre Schock ginn déi Reserven duer, wann et méi ee laange Schock gëtt, da kommen iergendwann liwwer Engpäss, bezéiungsweis déi gi potenziell ofgefiedert duerch staark Präishaussen. An dat ass u sech dat, wat een da bei ganz villen industrielle Prozesser wäert gesinn an doduerch och bei ganz ville Präisser, déi no an no am Wuerecours vun de Konsumente wäerten ukommen."
Méi héich Zënsen als zousätzleche Risiko
Nieft der geopolitescher Situatioun géif och d’Politik vun der Europäesch Zentralbank eng wichteg Roll spillen. Sollten d’Zënsen am Juni nees eropgoen, kéint dat weider negativ Konsequenze fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft hunn. Besonnesch den Immobilie- a Konstruktiounssecteur géifen ënner méi héije Finanzéierungskäschte leiden.
"Och méi allgemeng si méi héich Zënsen ëmmer, hunn een negativen Impakt op d'Investissementer, déi souwisou scho relativ niddreg sinn, well déi Incertituden et einfach schwéier maachen, fir d'Wirtschaft, fir no vir ze kucken an doduerch eeben och ze investéieren."
STATEC soll bei der Tripartite évaluéieren
Um éischten Tripartite-Rendez-Vous muer soll dat nationaalt Statistikamt dann net nëmmen Donnéeën iwwer déi wirtschaftlech Situatioun liwweren, mee och Previsioune maachen. Fir d’Tripartite goufen d’Previsiounen esouguer méi séier wéi geplangt aktualiséiert, fir schonn elo konkret Zuele kënnen ze presentéieren.
"Esou wéi elo, mir hunn, obschonn datt mer eigentlech eis nächst Note de conjuncture éischt Ufank Juni géife publizéieren, hu mer elo zum Beispill de Previsiounsexercice bedeitend beschleunegt, fir datt mer eebe muer scho kënne konkreet Zuele liwweren."
Egal a wéi engem Zenario misst ee séier kloer Äntwerten hu fir ee kloert Bild ze schafen, sou nach den Tom Haas. De STATEC ass do als Statistikverwaltung onofhängeg par rapport zur Regierung.
An och egal wéi eng cibléiert Mesuren an der Tripartite decidéiert ginn, wier et wichteg, d’Impakter an alleguerten den Dimensioune bewäerten ze kënnen.