Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ "E Véierelsjoerhonnert vun Erausfuerderungen, Chancen an Hoffnung"

Lescht Chrëschtdagsusprooch vum Grand-Duc Henri

"E Véierelsjoerhonnert vun Erausfuerderungen, Chancen an Hoffnung"

Den 3. Oktober 2025 iwwerhëlt de Prënz Guillaume d'Nofolleg vum Grand-Duc Henri. A senger leschter Chrëschtdagsusprooch als Staatschef bléckt de Grand-Duc op déi lescht 25 Joer zeréck. Et wier ee Véierelsjoerhonnert vun Erausfuerderungen, Chancen an Hoffnung gewiescht.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

play_arrow

A 25 Joer ass vill geschitt: Technologesche Fortschrëtt, gesellschaftlech Entwécklung awer och vill Konflikter. Momenter, déi d'Natioun méi no zesummebruecht hätten. Et hätt een als Natioun zesummegehalen a probéiert ze verhënneren, datt Leit ausgeschloss ginn.

De Klimawandel, geopolitesch Spannungen, Kricher a wirtschaftlech Ëmbréch wieren iwwerdeems déi gréissten Erausfuerderunge fir d'Zukunft. Dobäi géif d'Liberatioun vun Auschwitz virun 80 Joer drun erënneren, zu wéi enger Grausamkeet de Mënsch kapabel ass.

"Eng Kräizung vu Kulturen"

An de 25 Joer um Troun hätt hie vun Ufank u probéiert besonnesch a Saachen Diversitéit, Zesummeliewen an Nohaltegkeet, Stellung ze huelen. Lëtzebuerg wier "eng Kräizung vu Kulturen" an domat een eenzegaartege Modell an Europa, un deem een all Dag schaffe misst. Och no bausse misst Lëtzebuerg weider Wäerter wéi Demokratie, Fräiheet a Mënscherechter verdeedegen.

D'Joer 2025 géif nei Méiglechkeete matbrénge fir d'Visioun vu Lëtzebuerg virunzebréngen. Et wier ee Land, dat op Diversitéit an Innovatioun setzt an an deem d'Bierger:innen un éischter Plaz stinn.

Lauschterenplay_arrow