Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
search

/ Déi kleng Parteie ginn net op

No de Chamberwalen

Déi kleng Parteie ginn net op

Och fir déi kleng Parteien ass et no de Chamberwalen Zäit, de Bilan ze zéien. An d’Chamber ass keng vun hinne komm. Mee Alleguer hu si d’Ambitioun, fir weider ze maachen, a ginn net onbedéngt enttäuscht aus dëse Walen eraus.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Adobe Stock / bizoo_n play_arrow
(Foto: Adobe Stock / bizoo_n)

Bei Fokus ginn d’Meenungen auserneen. De Walsonndeg war een emotionalen Owend. Nodeems d’Resultat vu knapp zwee an en hallwe Prozent vun de Stëmme bekannt war, hat de Frank Engel annoncéiert, sech vun elo un zeréck ze zéien. De Marc Ruppert bedauert dat: elo géif et drop ukommen, deene Stëmmen déi si kruten, och gerecht ze ginn.

“Well sech jo lo och weist, datt ganz vill Leit op Lëschtestëmmen zeréckgegraff hunn, sou datt den Undeel vun de Panachage-Stëmmen allgemeng relativ niddereg war, par rapport vun anere Walen. Sou datt säi Resultat, fannen ech, eigentlech nach ëmmer relativ propper ass.”

Fir Liberté-Fräiheet a Volt waren et déi éischt Chamberwalen

1,13 % huet déi virun dräi Méint gegrënnte Partei Liberté-Fräiheet erreecht. De Roy Reding gesäit eng Satisfaktioun doran, datt hien un de Stëmme vun der ADR e bësse kraze konnt, am Zentrum an am Osten hätt d’ADR prozentual nämlech liicht verluer. Elo wëll hien nach méi eng Struktur a seng Beweegung bréngen, well bis elo hat Liberté – Fräiheet nach keng Statuten a keen nationale Kommitee. De Roy Reding selwer wëll do awer keng leedend Positioun anhuelen, mee éischter als Beroder zur Verfügung stoen.

“Ech hunn elo net wëlles, ee Presidentenamt unzestriewen. Ech denken do mussen dann einfach genuch Leit do sinn, déi Loscht an Zäit an Energie hu fir dat ze maachen, an ech géif dat da begréissen. Wann dat net de Fall wier, da wier dat net esou.”

Déi éischte Kéier bei de Chamberwale mat dobäi war och d’Partei Volt. Et hätt ee mat näischt spezifeschem gerechent, mee et ass een awer iwwer d’Resultat vun 0,19 Prozent enttäuscht. Grond dofir kéint ee Mangel u Visibilitéit sinn, mengt de Vize-President vu Volt Philippe Schannes. Et misst een no bausse méi aggressiv Presenz weisen.

“Mir waren do fir déi éischte Kéier villäicht nach ze vill zeréckhalend. Anerersäits ass et natierlech och esou, datt et eben duerch de Fakt geschëlt ass, datt mir déi éischte Kéier mat dobäi sinn, datt een doduerch och manner Visibilitéit an de Medie kritt.”

KPL an déi Konservativ ginn net op

Enttäuscht ass och d’KPL, déi op 0,64 Prozent vun de Stëmme bei dëse Wale komm ass. No den éischter schlechte Resultater bei de Gemengewalen hätt een och net allze grouss Erwaardunge gehat, sou de President vun der KPL Ali Ruckert.

Senger Partei hätten déi logistesch a finanziell Moyene gefeelt, fir flächendeckend iwwer hire Programm ze informéieren. Trotzdeem wéilt een elo net einfach d’Bengele bei d’Tromm leeën.

“Mir ginn dovun aus, datt déi Ëmverdeelung vum Patronat, déi elo schonn all déi Regierunge virdru gemaach haten, datt déi och elo vun dëser Regierung verstäerkt fortgesat gëtt. Sou datt et absolutt wichteg ass, datt do dergéint ee Widderstand organiséiert gëtt. An d’Kommunistesch Partei wäert do een Deel vun deem Widderstand sinn.”

Déi Konservativ hunn aus dëser Walcampagne geléiert a sech weiderentwéckelt, seet hire Spëtzekandidat Joe Thein. Deemno wier een net traureg iwwer d’Resultat vun 0,23 Prozent. De Joe Thein gëtt sech weider optimistesch:

“Well mir awer um Walsonndeg gemierkt hunn, datt eis Partei vill Resonanz huet an trotzdeem hire Fong an der politescher Landschaft huet. Dat hu mir och notamment bei den zwou leschte Gemengewale gesinn, wou mir ronn zwee Prozent zu Déifferdeng an zu Péiteng kruten. A mir hunn elo och um nationalen Niveau eise Fong kritt.”

Alleguer déi kleng Parteie wëllen sech elo op d’Europawalen am Juni d’nächst Joer virbereeden.

Lauschterenplay_arrow