Beim Kaf vun Elektroautoe leet de Staat maximal 6.000 Euro bäi. Nei ass, datt d'Primm vum nächste Joer un direkt beim Concessionnaire ofgerechent gëtt. Et muss ee se also net méi zousätzlech nach ufroen.
Bei private Luedstatioune leet de Staat d'Hallschent oder maximal 1.400 Euro bäi fir eng individuell Borne, a bis zu 40.000 Euro fir kollektiv Luedstatiounen an engem Gebai.
Unzuel un E-Autoen zejoert méi lues geklommen
Fir d'Elektromobilitéit ze ënnerstëtzen, huet d'Regierung schonn eng Primm fir de Leasing vun E-Autoen decidéiert gehat. Deemno solle Leit, déi eng Allocation à la vie chère bezeien, vu Januar u kënnen en Elektroauto fir 150 Euro de Mount leasen.
17 Prozent vun de Stéit hei am Land kommen dofir a Fro. D'Chamber muss nach iwwer dee Gesetzesprojet ofstëmmen.
Den Undeel vu reng elektreschen Autoen war zejoert an der gesamter Autos-Flott zwar weider geklommen, vu ronn 7 op 8,7 Prozent. Mee bei den neien Immatrikulatioune vun Elektroautoe gouf et zejoert e liichte Réckgang vu 27,4 Prozent am Joer 2024 op nach 26,9 Prozent zejoert.
D‘Popularitéit vun Hybrid-Autoen war par contre weider geklommen.