D’Weltbëschofssynod gouf 1965 vum Poopst Paul dem 6. an d’Liewe geruff. Hei kënne mat Zweedrëttel-Majoritéit Decisioune geholl ginn, déi de Poopst an engem sougenannte post-synodale Schreiwes als verbindlech Kiercheléier iwwerhuele kann, awer net muss. Bis ewell hate bei de reegelméissege Versammlungen zu Roum nëmmen d’Bëscheef an d’Cheffe vu reliéise Communautéiten e Stëmmrecht.
Historesch Première
De Poopst François huet dee Prozess awer elo och opgemaach fir Laien, an eben och fir Fraen. D’Helena Jeppesen-Spuhler vum Schwäizer Hëllefswierk Fastenaktion ass eng dovunner an erhofft sech den Ufank vun engem méi déifgräifenden Ëmdenken, seet si am Interview mat der ARD.
“Ich muss sagen ich habe eigentlich ein gutes Gefühl, dass es möglich ist, dass jetzt Frauen in der Synode mitreden, in der Bischofssynode, es ist immer noch eine Bischofssynode. Und ich denke Papst Franziskus hat da eine Tür aufgemacht, und es wird wohl für die Zukunft jetzt ein Zeichen sein.”
Ee vun den Haaptsujete bei der Synod soll deemno och d’Positioun vun der Fra an der kathoulescher Kierch sinn. Dat huet sech iwwerall op der Welt bei de Viraarbechte fir d’Renconter dëse Mount erausgeschielt.
Eng méi participativ Kierch
Grad wéi Lëtzebuerg huet och d’Schwäiz hei eng ganz oppen Astellung. Et ginn sech zwar keng konkret Resultater erwaart, an awer kéint een et sech net erlaben, an der aktueller Kris vun der kathoulescher Kierch, net virun ze goen, fënnt d’Helena Jeppesen-Spuhler.
“Das heisst, wir müssen die Diskriminierung der Frau aufheben und uns auf den Weg machen, die Frauen zu allen Ämtern der katholischen Kirche zuzulassen. Jetzt ob das hier in Rom entschieden wird in Zukunft, oder in der lokalen Kirche, das ist eine Frage für die Synode.”
Et misst een ewechkomme vun der staark hierarchescher zu enger participativer Kierch, sou nach d’Helena Jeppesen-Spuhler. Um Ofschloss vun der Synod Enn des Mounts soll e Pabeier opgestallt ginn, e Genre Roadmap, wéi et weidergeet. De Poopst François huet d’Generalversammlung vun der Bëschofssynod nämlech an zwee gedeelt: d’nächst Joer am Hierscht geet et weider.